
Um 12.15 Auer sinn d’Coureuren un den Depart gaangen, dorënner och 3 Lëtzebuerger: de Bob Jungels (Deceuninck Quick-Step), de Jempy Drucker (Bora-hansgrohe) an den Alex Kirsch (Trek-Segafredo). Dem Bob Jungels säin Teamkomerod, deen déi lescht zwou Editioune gewanne konnt, war och nees mat vun der Partie an huet och dëst Joer nees zu de Favoritte gezielt. Um Programm stoungen direkt e puer Schwieregkeeten, dat mat e puer schwéiere Koppen, awer Pawee-Stroossen.
Et gouf ee Spëtzegrupp vun 8 Leit, vun deenen awer keen et bis zum Schluss packe sollt. Tëschenduerch koumen nämlech nach Attacke vum Mathieu Van der Poel, dem Tiesj Benoot an dem Lëtzebuerger Champion Bob Jungels. Esou ass och een neie Spëtzegrupp entstanen, dat mam Tiesj Benoot, Mathieu Van der Poel, Bob Jungels, Lukas Pöstlberger an Anthony Turgis. An de Gewënner sollt och aus dësem Grupp kommen. Am Sprint war de Mathieu Van der Poel, de Cyclocross-Weltmeeschter de Séiersten. Hie gewënnt virum Turgis an dem Lëtzebuerger Bob Jungels. Fir de Van der Poel war et eréischt déi zweet World-Tour-Course op der Strooss.

De Jempy Drucker ass an der leschter Kéier gefall an huet missen an d’Spidol bruecht ginn, dat mat Verdacht op Schlësselbeebroch. Am Spidol gouf dann och eng Gehirnerschütterung diagnostizéiert. E puer Stonnen dono koum dann d’Nouvelle, datt de Lëtzebuerger Coureur am Déngscht vu Bora-hansgrohe sech den Halswierbel gebrach huet a fir länger Zäit wäert ausfalen. D’Ekipp huet iwwer Twitter matgedeelt, datt d’Fraktur stabel ausgesäit an de Jempy Drucker wuel net operéiert muss ginn.
Domadder ass hie bei senge Liiblingscourssen um Pavé vum Tour des Flandres a Paris-Roubaix net um Depart.
FOTOGALERIE: Andréck vum Roland Miny op pressphoto.rtl.lu.Et war ee Spëtzegrupp vun 8 Coureuren, dee sech op dëser Etapp ofsetze konnt. Si konnte séier eng Avance vun ëm déi 3 Minutten erausfueren, dat iwwerdeems Trek-Segafredo un der Spëtzt vum Peloton gefuer ass. Un der Spëtzt waren den Nelson Oliveira (Movistar), de Lukas Pöstlberger (Bora-hansgrohe), de Ramon Sinkeldam (Groupama-FDJ), de Michael Hepburn (Mitchelton-Scott), den Zjandos Bizjigtov (Astana), de Jonas Koch (CCC), de Mikhel Raïm (Israel Cycling Academy) an de Kris Boeckmans (Vital Concept).
De Peloton huet de Spëtzegrupp zu kengem Moment wierklech vun der Léngt gelooss, de gréissten Ecart louch bei knapp iwwer 3 Minutten.
76 Kilometer virun der Arrivée huet d’Course dunn emol kuerz missen ënnerbrach ginn, well een d’Damme-Course huet misse passéiere loossen. Doduerch ass de Peloton dunn och nees un d’Echappé erukomm. No e puer Minutten ass et virugaangen an do gouf et dunn Diskussiounen, well d’Echappé natierlech hir Avance zeréck wollt hunn.
D’Course huet du wéineg Kilometer drop eng weider Kéier missen neutraliséiert ginn, fir dass de Spëtzegrupp nees aus dem Peloton erausfuere konnt, fir nees den alen Ecart erëmzekréien. Deen Ament, wou dës Avance nees hiergestallt war, konnt dunn och de Peloton nees weiderfueren.
Am Knokteberg gouf et dunn aus dem Peloton eraus eng Attack vum Cyclocross-Weltmeeschter Mathieu Van der Poel. Mat him hu sech de Garcia Cortina, den Turgis an den Asgreen op d’Poursuite vum Spëtzegrupp gemaach.
Am nächste Bierg konnt sech un der Spëtzt den Nelson Oliveira ofsetzen a bei de Verfolger konnt den Asgreen den Tempo net méi matgoen. An och de Peloton ass ëmmer méi kleng ginn, wou de Bob Jungels ronn 50 Kilometer virun der Arrivée awer nach gutt placéiert war. Ma och déi aner zwee Lëtzebuerger waren nach am Peloton mat dobäi.
Ronn 42 Kilometer virun der Arrivée konnten de Van der Poel, den Turgis an de Garcia Cortina dunn de fréiere Spëtzegrupp anhuelen an dëse Grupp hat elo nach knapp 40 Sekonne Réckstand op den Oliveira, deen nach ëmmer eleng un der Spëtzt gefuer ass. De Peloton hat hei ee Retard vun 1 Minutt an 30 Sekonnen op de Leader.
Dunn huet de Peloton den Tempo awer esou richteg ugezunn an d’Avance vum Oliveira a Verfolger-Grupp ass richteg séier geschmolt. An der Kopp koum dunn eng Attack vum Tiesj Benoot, dat zesumme mam Lëtzebuerger Champion Bob Jungels.
Vir konnt de Pöstlberger den Oliveira anhuelen, ma nëmme wéineg Sekonnen hannendrunner koume schonns de Benoot, den Turgis, de Van der Poel an de Lëtzebuerger Champion. D’Course war elo sou richteg lancéiert.
28 Kilometer virun der Arrivée hat den Oliveira dunn ee Platten an esou war de Pöstlberger elo eleng un der Spëtzt. De Grupp ëm de Bob Jungels konnt de Leader dunn och anhuelen. Um nächste Pawee-Secteur huet de Lëtzebuerger Champion dunn ee ganz laange Relais geholl an doduerch ass d’Avance vum Spëtzegrupp och direkt nees ugewuess. 20 Kilometer virun der Arrivée waren et 40 Sekonnen op de Peloton. 10 Kilometer méi spéit hate si d’Avance souguer op 50 Sekonnen ausgebaut.
Am Nokereberg huet de Bob Jungels dunn eng weider Attack lancéiert, ma e sollt net richteg fortkommen, mä en huet seng Begleeder a Schwieregkeete bruecht.
De Spëtzegrupp ass zesummen op d’Arrivée komm an am Sprint konnt sech do de Mathieu van der Poel virum Anthony Turgis an dem Bob Jungels duerchsetzen.
1 van der Poel Mathieu Corendon - Circus
2 Turgis Anthony Direct Energie
3 Jungels Bob Deceuninck - Quick Step
4 Pöstlberger Lukas BORA - hansgrohe
5 Benoot Tiesj Lotto Soudal
6 Rowe Luke Team Sky
7 van Poppel Danny Team Jumbo-Visma
8 Lampaert Yves Deceuninck - Quick Step
9 Laporte Christophe Cofidis, Solutions Crédits
10 Haussler Heinrich Bahrain Merida