
Den Automobilclub an d’Vëlossportfederatioun wëlle konkreet Initiative proposéieren, déi zur Ënnerstëtzung a Sensibiliséierung vun de Cycliste bäidroen. Dorënner ee séchere Wee fir jonk Vëlofuerer, Aarbechtsgruppen zur Verbesserung vun der Infrastruktur an Aktioune fir Sécherheet an Ernierung.