Grand Prix de LuxembourgVictoire am Sprint fir de Mathieu Kockelmann

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger ka sech zu Dikrech no 94 Kilometer am Spint virum Belsch Jarno Widar behaapten.
© FSCL_cycling / Twitter

Am Vëlossport huet de Mathieu Kockelmann de Grand Prix de Luxembourg, eng international Junior-Course, gewonnen. No 94 Kilometer huet sech de Lëtzebuerger zu Dikrech aus enger Echappée eraus am Sprint virum Belsch Jarno Widar an dem Britt Mark Lightfoot duerchgesat. De Widar hat e Samschdeg de Grand Prix Général Patton gewonnen.

De Mil Morang ass den 8. ginn, de Fynn Ury den 9. an de Mats Berns den 11.. Allendräi op iwwer 2 Minutten.

D’Klassement

1 KOCKELMANN Mathieu 2:10:07
2 WIDAR Jarno ,,
3 LIGHTFOOT Mark ,,
4 PRESTIANNI Sacha ,,
5 BIEHL Kevin 0:01
6 BERGER Baptiste 0:02
7 DHONDT Robbe 2:16
8 MORANG Mil ,,
9 URY Fynn ,,
10 VANDEN HEEDE Lars 2:19
11 Berns Mats ,,

Back to Top
CIM LOGO