
Op der 5. Etapp vum Tour de l’Avenir gouf et en Donneschdeg uewen zu Tignes eng Victoire fir de Belsch Jarno Widar. Hien hat eng Avance vu fënnef Sekonnen op de Fransous Paul Seixas, den Norweeger Jorgen Nordhagen an den Ecuadorianer Mateo Ramirez.
Beschte Lëtzebuerger war den Arno Wallenborn als 17.. Hien hat e Retard vun zwou Minutten a 26 Sekonnen op de Gewënner. Fir den Alexandre Kess ass et déi 56. Plaz op 21 Minutten a 57 Sekonnen, den Noé Ury, de Mil Morang an de Mathieu Kockelmann sinn als 105., 106. an 107. op 33 Minutten a 16 Sekonnen iwwer d’Arrivée gefuer.
De Fransous Maxime Decomble ass nach ëmmer Leader am General. Hien huet virun den zwou leschten Etappen e Freideg eng Avance vun 51 Sekonnen op säi Landsmann Paul Seixas. Drëtten ass den Italieener Lorenzo Finn op 54 Sekonnen.
De Wallenborn ass als beschte Lëtzebuerger elo den 9. op eng Minutt an 29 Sekonnen. Den Alexandre Kess ass de 45. op 21 Minutten a 16 Sekonnen. Fir de Mil Morang an de Mathieu Kockelmann sinn et d’Plazen 90 an 91 op 35 Minutten an zwou Sekonnen.