
Am Tour duerch den Oman huet sech de Belsch Louis Vervaeke d’Victoire op der 2. Etapp geséchert. Hien hat eng Avance vun 2 Sekonnen op de Peloton. Hei hu sech de Fransous Valentin Paret-Peintre an de Britt Sean Flynn d’Plazen 2 an 3 geséchert.
De Vervaeke iwwerhëlt duerch d’Victoire d’Féierung am General. Hien huet eng Avance vu 6 Sekonnen op de Paret-Peintre an 8 Sekonnen op de Flynn.
De Michel Ries ass um 2. Dag als 71. op 7 Minutten a 40 Sekonnen iwwer de Wäisse Stréch gefuer. De Luc Wirtgen hat als 110. e Réckstand vun 21 Minutten a 50 Sekonnen. Am General ass de Ries den 72. op 7 Minutte 50 an de Wirtgen den 115. op 22 Minutten.
1 VERVAEKE Louis Soudal Quick-Step 4:45:06
2 PARET-PEINTRE Valentin Soudal Quick-Step 0:02
3 FLYNN Sean Team Picnic PostNL ,,
4 ENGELHARDT Felix Team Jayco AlUla ,,
5 BRENNER Marco Tudor Pro Cycling Team ,,
6 MULUBRHAN Henok XDS Astana Team ,,
7 CRAS Steff Team TotalEnergies ,,
8 YATES Adam UAE Team Emirates - XRG ,,
9 RONDEL Mathys Tudor Pro Cycling Team ,,
10 GAUDU David Groupama - FDJ ,,
...
71 RIES Michel Arkéa - B&B Hotels 7:40
110 WIRTGEN Luc Tudor Pro Cycling Team 21:50
1 VERVAEKE Louis Soudal Quick-Step 9:12:15
2 PARET-PEINTRE Valentin Soudal Quick-Step 0:06
3 FLYNN Sean Team Picnic PostNL 0:08
4 GAUDU David Groupama - FDJ 0:11
5 BRENNER Marco Tudor Pro Cycling Team 0:12
6 RONDEL Mathys Tudor Pro Cycling Team ,,
7 YATES Adam UAE Team Emirates - XRG ,,
8 ULISSI Diego XDS Astana Team ,,
9 FANCELLU Alessandro JCL Team UKYO ,,
10 WARBASSE Larry Tudor Pro Cycling Team ,,
...
72 RIES Michel Arkéa - B&B Hotels 7:50
115 WIRTGEN Luc Tudor Pro Cycling Team 22:00