Cyclocross LG AlzengVictoirë fir de Sascha Weber an d’Lisa Heckmann

RTL Lëtzebuerg
Nëmme 24 Coureure hunn e Samschdeg un dëser leschter nationaler Competitioun virum Championnat deelgeholl, ënnert hinne 5 Auslänner.
Cyclocross LG Alzeng
De Sascha Weber gewënnt virum Ken Conter an dem Raphaël Kockelmann.

Ee vun hinnen, de Sascha Weber, gouf am Virfeld als de Favorit um Holleschbierg gehandelt. Den Däitsche war vum Depart un am Spëtzegrupp dobäi, hien huet seng definitiv Attack awer réischt bei hallwer Course gesat. Bis zu 50 Sekonnen ass hien op d’Konkurrenz erausgefuer, réischt am leschte vun deenen 8 Tier huet hien e bësse méi lues gemaach a gewënnt mat engem Virsprong vun 23 Sekonnen op deen Zweeten.

Ëm déi zweete Plaz war et déi ganz Course iwwer spannend. Ëm dës Plaz ass an der éischter Hallschent vum Cross de Mil Morang matgefuer, mee ee Problem mat senger Ketten am 5. Tour huet den Espoir vun Dippech vill Zäit kascht. Doduerch gëtt hien um Enn de 6. an zweetbeschten Espoir.

Op der zweeter Positioun hannert dem Sascha Weber hu sech de Ken Conter an d’Gebridder Raphaël a Mathieu Kockelmann ofgeléist. Am leschten Tour konnt de Ken Conter sech awer vu senge Konkurrenten ofsetzen.

Néng Sekonnen nom Ken Conter ass de Raphaël Kockelmann vu Chevigny als Drëtten iwwert de wäisse Stréch gefuer. Säi Brudder Mathieu vum CCI Déifferdeng gouf hannert engem Däitschen an der selwechter Zäit Fënneften a beschten Espoir. Dës Coureure suerge sécherlech e Sonndeg an enger Woch zu Mamer am Championnat fir Spannung.

Bei den Damme gouf et iwwerdeems eng Victoire vun der däitscher Cyclistin Lisa Heckmann. Och hei si mam Gwen Nothum an dem Mélanie Wünsch zwou Lëtzebuergerinnen op d’Plazen 2 an 3 gefuer.

PDF: All d’Resultater

Back to Top
CIM LOGO