Tour de Suisse: 1. EtappVictoire fir de Stephen Williams, Bob Jungels op der 33. Plaz

RTL Lëtzebuerg
An enger animéierter schwéierer Etapp mat villen Attacke gewënnt um Enn de Stephen Williams. De Bob Jungels klasséiert sech als 33. mat 51 Sekonne Retard.
© Vincent Curutchet (Archiv)

Op der 1. Etapp vum Tour de Suisse ass et direkt richteg schwéier gi fir de Bob Jungels a Co. Net manner wéi 8 Bierger stoungen um Programm. Eng Echappée vu 6 Leit, mat ënnert anerem dem Casper Pedersen, konnt sech e maximale Virsprong vun 3 Minutten op de Peloton erausfueren. Dëse Grupp gouf awer nees agefaangen.

Ëmmer nees sinn dunn Attacken aus dem Peloton eraus komm, ënnert anerem vum Jakob Fuglsang. Et konnt sech awer keen entscheedend ofsetzen, sou dass um Enn e Grupp zesummen op d’Arrivée gefuer ass. Hei war de Stephen Williams vu Bahrain-Victorious de Séiersten. Hien ass deemno och Leader am General.

De Bob Jungels fiert als 33. op 51 Sekonnen iwwert de wäisse Stréch.

Klassement vun der 1. Etapp

1 WILLIAMS Stephen Bahrain – Victorious 4:16:51

2 SCHACHMANN Maximilian BORA - hansgrohe ,,

3 KRON Andreas Lotto Soudal ,,

4 HIRSCHI Marc UAE Team Emirates ,,

5 LUTSENKO Alexey Astana Qazaqstan Team ,,

6 VAN WILDER Ilan Quick-Step Alpha Vinyl Team ,,

7 KÜNG Stefan Groupama – FDJ ,,

8 HIGUITA Sergio BORA – hansgrohe ,,

9 KUSS Sepp Jumbo-Visma ,,

10 POZZOVIVO Domenico Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux ,,

Back to Top
CIM LOGO