A Travers la FlandreVictoire fir Demi Vollering, Nina Berton op der 53. Plaz

RTL Lëtzebuerg
Bei der Damme Course vun A Travers la Flandre zu Waregem gëtt et bei den Dammen no 114,9 Km eng Victoire fir d'Hollännerin Demi Vollering.
© PRESSPHOTO (ARCHIV)

D’Sportlerin vu SD Worx hat eng Avance vun 38 Sekonnen op en éischte Verfolgergrupp. D’Plazen 2 an 3 si vir Chiara Consonni aus Italien an d’Marianne Vos aus Holland.

D’Nina Berton ass d’Course op der 53. Plaz op en Enn gefuer an hat e Retard vu 7 Minutten an 19 Sekonnen.

D’Klassement vun der Course

1 VOLLERING Demi Team SD Worx 2:53:04
2 CONSONNI Chiara UAE Team ADQ 0:38
3 VOS Marianne Team Jumbo-Visma ,,
4 GUAZZINI Vittoria FDJ – SUEZ ,,
5 ROSEMAN-GANNON Ruby Team Jayco AlUla ,,
6 MACKAIJ Floortje Movistar Team ,,
7 REUSSER Marlen Team SD Worx ,,
8 LIPPERT Liane Movistar Team ,,
9 VAN ANROOIJ Shirin Trek – Segafredo ,,
10 MOOLMAN Ashleigh AG Insurance - Soudal Quick-Step ,,

Back to Top
CIM LOGO