CyclocrossVictoire fir den Hugo Boulanger zu Keel

RTL Lëtzebuerg
Beim Skoda Cross Cup huet sech den Hugo Boulanger d'Victoire en solitaire geséchert. Bei den Dammen ass d'Isabelle Klein als Éischt iwwer d'Arrivée gefuer.
© Facebook/Skoda Cross Cup

Um Samschdeg gouf op dësem Weekend déi éischt vun zwou Manchë vum Skoda Cross Cup zu Keel gefuer.

Bei der Elite bei den Hären huet sech den Hugo Boulanger mat enger Avance vun 1 Minutt a 9 Sekonne virum Lëtzebuerger Raphael Kockelmann duerchgesat. De Kockelmann huet sech am Sprint virum Fransous Theo Jung behaapt, deen sech déi 3. Plaz geséchert huet.

D’Isabelle Klein huet bei den Damme mat engem Virsprong vun 3 Minutten an 42 Sekonne souverän gewonnen. D’Liv Wenzel ass hannendrun iwwer d’Arrivée gefuer. De Podium gouf vum Anouk Schmitz mat engem Retard vu 5 Minutten an 20 Sekonnen komplettéiert.

De Lëtzebuerger Noa Berton ass bei de Junioren op déi 1. Plaz gefuer. D’Plazen 2 an 3 ware fir de Fynn Ury an de Fransous Thomas Auduc.

D’Victoire bei de Masters goung un de Claude Wolter, wärend sech den Theo Da Costa Passetti bei den Debutante hannert dem Belsch Jules Delcommune op der 2. Plaz klasséiert huet.

Back to Top
CIM LOGO