CyclocrossVictoire fir Puck Pieterse, Marie Schreiber net um Podium

RTL Lëtzebuerg
Beim GP Oisterwijk 2022 an Holland klasséiert sech d'Marie Schreiber op der 7. Plaz.
© RTL (Archiv)

Beim Cyclocross vun der Kategorie C2 am hollänneschen Oisterwijk ass d’Lëtzebuergerin bei der Victoire vun der Hollännerin Puck Pieterse op déi 7. Plaz gefuer. De Podium komplettéieren d’Kata vas Blanka aus Ungarn an d’Leonie Bentveld aus Holland.

Mat 19 Joer huet d’Marie Schreiber de komplette Fokus op de Sport geriicht
. Ugangs November steet den Héichpunkt vum Ufank vun der Saison um Programm, d’Europameeschterschaft zu Namur.

D’Klassement vun der Course

1. Puck Pieterse
2. Kata vas Blanka
3. Leonie Bentveld

...
7. Marie Schreiber

Back to Top
CIM LOGO