Um Programm stoung nieft engem Bierg vun der 2. Kategorie, de Col du Télégraphe (1. Kategorie), de Col du Galibier - Souvenir Henri Desgrange an de Col du Granon Serre Chevalier (allebéid Hors catégorie). Deemno eng richteg schwéier Biergetapp. Kuerz nom Depart huet sech dunn och eng Echappée vun 20 Coureure forméiert, wou ënnert anerem och de Simon Geschke dobäi war, dee jo am Biergtrikot un den Depart vun dëser Etapp gaangen ass.
Iwwerdeems sech an der Echappée also ëm d’Biergpunkte gestridde gouf, huet am Grupp Maillot Jaune d’Ekipp Jumbo Visma schonns iwwer de Sommet vum Col du Télégraphe ewech probéiert, d’Course schwéier ze maachen. Si hunn ëmmer nees attackéiert, fir de Leader Tadej Pogacar a Gefor ze bréngen. Doduerch ass de Grupp vun de Favoritten och ëmmer méi kleng ginn. Och déi zwee Lëtzebuerger Bob Jungels a Kevin Geniets hu fréi misse lassloossen.
Laang Zäit huet et esou ausgesinn, ewéi wann de Plang vu Jumbo Visma net géif opgoen, ma an der Schlussmontée erop op de Col du Granon huet de Jonas Vingegaard eng sec Attack lancéiert, wou kee méi matgoe konnt. Iwwerraschenderweis hat et virun allem den Tadej Pogacar immens schwéier, deen och den Tempo vum Romain Bardet, Nairo Quintana an Geraint Thomas net méi matgoe konnt. Beim zweefachen Tour-de-France-Gewënner sinn d’Luuchte komplett ausgaangen.
Um Enn sollt och kee méi de Vingegaard anhuelen, esou datt hien dës Etapp fir sech entscheede konnt an och d’Féierung am General iwwerhëlt. Uewen op der Arrivée hat den Dän eng Avance vun 59 Sekonnen op den Nairo Quintana a vun 1 Minutt an 10 Sekonnen op de Romain Bardet. Den Tadej Pogacar huet als 7. 2 Minutten an 51 Sekonne verluer. De Bob Jungels gouf den 23. op 13 Minutten an 53 Sekonnen an de Kevin Geniets de 37. op 26 Minutten an 48 Sekonnen.
Am General huet de Vingegaard elo eng Avance vun 2 Minutten a 16 Sekonnen op de Bardet a vun 2 Minutten an 22 Sekonnen op den Tadej Pogacar. Hei ass de Bob Jungels elo de 17. op 19 Minutten a 17 Sekonnen an de Kevin Geniets de 47. op 1 Stonn an 33 Sekonnen.
