No hirer 6. Plaz am leschte Joer gehéiert déi 19 Joer jonk Sportlerin dëst Joer zu de Kandidatinnen op eng Medail. An der U23-Course gëtt et eng grouss Favoritin, an déi heescht Shirin van Anrooij. D’Hollännerin gehéiert zu den 3 beschte Cross-Fuererinne vun dëser Saison a misst ganz schwéier ze packe sinn. Fir Sëlwer a Bronze kommen nieft dem Line Burquier aus Frankräich och nach d’Englännerin Zoe Backstedt a Fro. Béid Dammen huet d’Marie Schreiber an dëser Saison schonn e puer Mol gepackt. Nieft dem Schreiber fueren an der Espoir-Dammecourse e Sonndeg och d’Maïté Barthels an d’Live Wenzel mat.
Am Ganzen huet d’FSCL siwe Sportlerinnen a Sportler zu Hoogherheide am Asaz. Den Ufank mécht d’Anouk Schmitz e Samschdeg bei de Juniorinnen. Den Depart ass fir 11 Auer moies virgesinn.
E Sonndeg um 11 Auer fueren dann d’Juniore mat dem Lëtzebuerger Champion Noa Berton, dem Fynn Ury an dem Rick Meylender.
Fir de Jempy Drucker ass et déi éischt Cyclocross-Weltmeeschterschaft als Nationaltrainer.
D’U23-Dammecourse weise mir Iech e Sonndeg live op RTL an RTL.lu (Depart um 13 Auer).