Critérium du Dauphiné: 5. EtappWeider Victoire fir de Leader Wout van Aert

RTL Lëtzebuerg
De Kevin Geniets ass op der 5. Etapp am Peloton an der nämmlechter Zäit wéi de Vainqueur ukomm.
© AFP

En Donneschdeg ass et op der 5. Etapp vum Critérium du Dauphiné iwwer 162 hiwweleg Kilometer vun Thizy-les-Bourgs op Chaintré gaangen. Bis zum Schluss war et ganz spannend. Eréischt op de leschte Meter ass et dem Peloton gelongen, fir d’Echappée anzefänken. Am Sprint hat dunn op en Neits de Wout van Aert déi séierste Been. De Belsch bleift domadder weider un der Spëtzt vum General an huet elo eng Avance vun enger Minutt an 3 Sekonnen op de Mattia Cattaneo.

De Lëtzebuerger Kevin Geniets ass um 5. Dag dee 65. ginn, dat zäitgläich mam Wout van Aert. Am General ass de Lëtzebuerger Champion de 34. op dräi Minutten an 49 Sekonnen.

Critérium du Dauphiné: 5. Etapp
Weider Victoire fir de Leader Wout van Aert, Kevin Geniets am Peloton.

D’Klassement vun der Etapp

1 VAN AERT Wout Jumbo-Visma 3:38:35
2 MEEUS Jordi BORA - hansgrohe ,,
3 HAYTER Ethan INEOS Grenadiers ,,
4 BOASSON HAGEN Edvald TotalEnergies ,,
5 PAGE Hugo Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux ,,
6 STUYVEN Jasper Trek - Segafredo ,,
7 BAGIOLI Andrea Quick-Step Alpha Vinyl Team ,,
8 BAKELANTS Jan Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux ,,
9 LOUVEL Matis Team Arkéa Samsic ,,
10 MOLANO Juan Sebastián UAE Team Emirates ,,
...
65 GENIETS Kevin Groupama - FDJ ,,

De General

1 VAN AERT Wout Jumbo-Visma 17:04:31
2 CATTANEO Mattia Quick-Step Alpha Vinyl Team 1:03
3 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma 1:06
4 HAYTER Ethan INEOS Grenadiers 1:32
5 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 1:36
6 CARUSO Damiano Bahrain - Victorious 1:49
7 GEOGHEGAN HART Tao INEOS Grenadiers 1:55
8 AYUSO Juan UAE Team Emirates 1:58
9 JORGENSON Matteo Movistar Team 2:00
10 O’CONNOR Ben AG2R Citroën Team 2:10
...
34 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 3:49

Back to Top
CIM LOGO