E Sonndeg gëtt déi 117. Editioun vu Paris-Roubaix gefuer. Iwwer eng Distanz vun 257 Kilometer, mat net manner wéi 29 Pawee-Secteuren, gëtt dobäi den Nofolger vum Peter Sagan gesicht. Aus Lëtzebuerger Siicht ass den Alex Kirsch mat dobäi, dee mam John Degenkolb e fréiere Gewënner vun dëser Course a senger Ekipp huet.
Et war dat am Joer 2015 wou den däitsche Coureur, deemools am Maillot vun Giant Alpecin, déi schwéier Course konnt gewannen. Op d’Plazen 2 an 3 koumen deen Ament de Zdenek Stybar an de Greg van Avermaet. Déi 3 Coureure gehéieren dann och e Sonndeg zum Favorittekrees. Fir den Alex Kirsch steet nom Tour des Flandres lo déi nächst wichteg Course um Programm. De Lëtzebuerger war d’lescht Joer net ukomm a kennt seng Aufgaben an der Ekipp vun Trek Segafredo, nämlech fir säi Leader schaffen.
54,5 Kilometer iwwer zum Deel ganz schlechte Pawee geet et e Sonndeg, spéitstens um Secteur 19, der Troué dArenberg, dierft d’Course sou richteg lancéiert sinn. E richteg grousse Favorit stécht do no engem spannenden Tour des Flandres net direkt eraus.
Wat dem Lëtzebuerger seng Form ugeet, sou schéngt alles an der Réi. No e puer Deeg raschten ass lo nees de Fokus op d’Course vun e Sonndeg geriicht, wou een als Ekipp eng Roll wëll spillen.
Wéi gewinnt spillen d’Wiederkonditiounen eng grouss Roll, e Sonndeg soll et dréchen bleiwen an all ze vill Wand ass net gemellt. Wien e Sonndeg als Éischten am Velodrome zu Roubaix iwwer d’Arrivée fiert, gesitt Dir vu 14 Auer u live um 1. RTL op der Tëlee an am Livestream op RTL.lu. Och de Radio ass live bei der Course dobäi.