Neie Stär um Vëlos-HimmelWien ass de Maillot Jaune Jonas Vingegaard?

RTL Lëtzebuerg
Vum Fëschverkeefer zum "Tour de France"-Gewënner. Esou kéint een dem Jonas Vingegaard seng Karriär beschreiwen. Wien ass den Dän, deen d'Leit iwwerrascht?
© AFP/Anne-Christine POUJOULAT

De Jonas Vingegaard Rasmussen, wéi e mam ganzen Numm heescht, kënnt den 10. Dezember 1996 am Nordweste vun Dänemark zu Hillerlslev op d’Welt. Also an deem Joer, an deem mam Bjarne Riis dee bis dohin eenzegen Dän den Tour de France gewënnt.

Iwwert seng Kandheet ass bis ewell wéineg bekannt. Iwwerdeems déi aner Coureuren a sengem Alter virun e puer Joer éischt Succèse bei de Elite feieren, schafft de Vingegaard am Summer 2018 an der Fëschfabrik Chrisfish am däneschen Hanstholm. Do gouf de Fësch, dee gefaange gouf, fir d’Vente präparéiert. Eegenen Aussoen no hätt e selwer de Fësch net geschnidden, hie wier dee gewiescht, deen en an d’Äis geluecht hätt, fir dass déi aner e konnte schneiden. Säi Chef vun deemools aus der Fëschfabrik krut an de leschten Deeg eng Interviewufro no der anerer.

Nomëttes no der Schicht goung et dunn op de Vëlo. De Vingegaard fiert fir déi éischter onbekannten an drëttklasseg dänesch Vëlosekipp Coloquick-Team. Do fält en dann och dem Talent-Scout Grischa Niermann vun Jumbo-Visma op, deen haut Directeur Sportif bei der Ekipp ass. Bei der hollännescher Ekipp waren se zwar éischter un engem Team-Kolleeg vum Vingegaard interesséiert, dee wollt sech allerdéngs éischter op seng Karriär als Cyclist op der Bunn konzentréieren. De Vingegaard wier hinnen dunn duerch säi super Talent opgefall, wéi et heescht. Hien ënnerschreift e Kontrakt bei der Ekipp.

© AFP/Thomas SAMSON

2019 wënnt de Vingegaard déi 6. Etapp am Tour duerch Polen a feiert domadder seng éischt Victoire bei enger UCI World Tour. 2020 fiert e mat der Vuelta säin éischte Grand Tour a kënnt do um Enn op déi 46. Plaz.

Och beim Tuer duerch déi arabesch Emirater mécht en 2021 op sech opmierksam, wéi en eng Biergetapp virum Tadej Pogacar gewënnt. Am selwechte Joer gëtt et e beim Tour duerch d’Baskeland deen Zweeten hannert sengem Team-Kapitän Primoz Roglic.

2021 fiert en och eng éischte Kéier den Tour de France mat well en als Ersatz fir den Tom Dumoulin nominéiert gouf a gëtt do bei senger éischter Participatioun deen Zweeten. Hei sollt en nees sengem Kapitän Roglic hëllefen. Nodeems dësen allerdéngs no enger Chute huet missen opginn, war de Vingegaard Leader vu Jumbo-Visma a steet um Enn op de Champs-Elysées als Zweeten am General mat um Podium.

Privat huet de Jonas Vingegaard mat senger Partnerin Trine eng Duechter, d’Frida. D’Meedche koum am September 2020 op d’Welt a stoung um Samschdeg mam Papp ganz uewen um Podium.

Back to Top
CIM LOGO