Critérium du Dauphiné: 1. EtappWout van Aert setzt sech am Sprint duerch

RTL Lëtzebuerg
Den Ethan Hayter kënnt op déi zweet Plaz an de Sean Quinn klasséiert sech als Drëtten. De Kevin Geniets kënnt op der éischter Etapp als 106. un.
Critérium du Dauphiné - 1. Etapp
De Wout van Aert wënnt am Sprint.

Déi éischt Etapp goung iwwer 192 km vu La Voulte-sur-Rhône op Beauchastel. Den Dän Mikkel Honoré hat et mat e puer anere Coureuren an enger Echappée probéiert, mee hie gouf als Leschten 23 Kilometer virun der Arrivée vum Peloton agefaangen. Duerno huet d’Feld sech zortéiert an déi lescht Kilometer preparéiert.

Op de leschte Meter koum et zu engem Massesprint, bei deem de Belsch Wout van Aert déi besser Been hat a sech virum Ethan Hayter an dem Sean Quinn duerchsetzt. Mat am Sprint dobäi waren ënner anerem och den Hugo Page an de Edvald Boasson Hagen. Mat dëser Victoire iwwerhëlt de Belsch van Aert och de Maillot vum Leader no der éischter Etapp, wärenddeem sech de Pierre Rolland de Biergtrikot iwwersträifen däerf.

De Kevin Geniets fiert als 106. an der selwechter Zäit wéi de Gewënner iwwer d’Arrivée an ass am Generalklassement och den 106. mat 10 Sekonne Retard.

D’Klassement vun der Etapp

1 VAN AERT Wout 4:37:31
2 HAYTER Ethan ,,
3 QUINN Sean ,,
4 PAGE Hugo ,,
5 BOASSON HAGEN Edvald ,,
6 STUYVEN Jasper ,,
7 VENTURINI Clément ,,
8 VAN GILS Maxim ,,
9 THOMAS Benjamin ,,
10 STEIMLE Jannik ,,
...
106 GENIETS Kevin ,,

D’Generalklassement

1 VAN AERT Wout 4:37:21
2 HAYTER Ethan 0:04
3 QUINN Sean 0:06
4 BOUET Maxime 0:07
5 HUYS Laurens 0:08
6 ROLLAND Pierre 0:09
7 PAGE Hugo 0:10
8 BOASSON HAGEN Edvald ,,
9 STUYVEN Jasper ,,
10 VENTURINI Clément ,,
...
106 GENIETS Kevin 0:10

Back to Top
CIM LOGO