No senger Victoire bei Kuurne-Bréissel-Kuurne Ufank Mäerz huet de Bob Jungels e Freideg beim Semi-Klassiker E3 Harelbeke eng weider ganz staark Leeschtung gewisen. De Lëtzebuerger hat eng 60 Kilometer virun der Arrivée attackéiert, ass bei d’Echappé bäigefuer an hat sech am Paterberg (30km bis d’Arrivée) eleng un d’Spëtzt gesat. De Lëtzebuerger Champion sollt fir seng Aarbecht awer net belount ginn, well hie 7 Kilometer virun der Arrivée agefaange ginn ass. De Wout van Aert, de Greg van Avermaet, den Alberto Bettiol a säi Coeuipier Zdenek Stybar si bei hie bäigefuer.
Um Enn ass d’Decisioun tëscht deene 5 Coureuren am Sprint gefall. Hei huet de Coequipier vum Bob Jungels Zdenek Stybar sech d’Victoire geséchert. De Lëtzebuerger ass de 5. op 3 Sekonne ginn. Fir Deceuninck-Quickstep e weidere perfekten Dag. Um Podium stoungen nach déi zwee Belsch Wout van Aert a Greg Van Avermaet.
Den Tom Wirtgen gouf den 43. op knapp 3 Minutten. De Jempy Drucker, deen duerch ee Defekt 38 Kilometer virun der Arrivée zeréckgefall war, gouf den 78. op knapp 4 Minutten an den Alex Kirsch huet opginn.
An der Ufanksphas vun der Course, déi iwwer 204 Kilometer vun Harelbeke op Harelbeke gaangen ass, hat sech e Grupp vun 8 Leit un d’Spëtzt gesat. Mat dobäi waren den Jaime Castrillo, de Marc Hirschi, den Thomas Sprengers, den Aksel Nommela, de Ludwig De Winter, de Mihkel Raim, de Stijn Steels an de Lionel Taminiaux. 125 Kilometer Kilometer virun der Arrivée hat de Spëtzegrupp e Virsprong vu ronn 6 Minutten.
Am Peloton ass den Tempo lues awer sécher an d’Luucht gaangen an et koum ëmmer nees zu Attacken. Den Ecart tëscht der Echappé an dem Peloton loung 90 Kilometer virun der Arrivée nëmmen nach bei 3 Minutten an 30 Sekonnen.
Eng 60 Kilometer virun der Arrivée huet de Bob Jungels aus dem Peloton eraus attackéiert a konnt no vir bei de Spëtzegrupp bäifueren. Hei war awer keen esou richteg bereet, fir dem Lëtzebuerger Champion ze hëllefen an emol e Relais ze iwwerhuelen. 52 Kilometer virun der Arrivée loung den Ecart tëscht de Spëtzeleit an engem gréisseren zweete Grupp nëmmen nach bei 23 Sekonnen.
De Bob Jungels huet vir den Tempo weider héichgehalen, sou datt nëmmen nach de Marc Hirschi säi Rad konnt halen. 40 Kilometer virun der Arrivée haten déi zwee e Virsprong vun 59 Sekonnen op e gréissere Grupp mat de Favoritten. Vun hannen ass et kuerz drop dem Nils Politt an dem Jasha Sutterlin gelongen, bei de Jungels an den Hirschi bäizefueren. Hannert de 4 Coureuren un der Spëtzt loung e Grupp vun 8 Mann. Hei mat dobäi waren de Wout van Aert, de Peter Sagan, de Matteo Trentin, de Greg Van Avermaet, de Matteo Trentin, de Zdenek Stybar, den Alberto Bettiol an den Oliver Naesen.
Kee Gléck hat de Jempy Drucker. Duerch een Defekt um Vëlo ass de Lëtzebuerger 38 Kilometer virun der Arrivée. zeréckgefall.
Am Paterberg, wou nach 30 Kilometer ze fueren bliwwe sinn, koum eng weider Attack vum Bob Jungels. Weder den Hirschi, nach de Politt an de Sutterlin konnte matgoen. De Lëtzebuerger Champion konnt sech eleng un d’Spëtzt setzen. Hannert him ass de Grupp ronderëm de Sagan, bei de Politt, den Hirschi an de Sutterlin bäigefuer.
20 Kilometer virun der Arrivée hat de Jungels e Virsprong vu 35 Sekonnen op seng Verfolger. De Virsprong ass ëmmer weider erofgaangen a bei nach 11 Kilometer loung dësen nach bei 10 Sekonnen.
7 Kilometer virun der Arrivée ass de Bob Jungels du vum Wout van Aert, vum Greg Van Avermaet, vum Alberto Bettiol a vu sengem Coequipier Zdenek Stybar agefaange ginn. Déi 5 Coureure si bis zum Schluss zesumme bliwwen an esou ass d’Decisioun am Sprint gefall. Hei konnt sech de Stybar d’Victoire sécheren. De Bob Jungels gëtt um Enn de ganz staarke 5.
Den Tom Wirtgen gouf den 43. op knapp 3 Minutten. De Jempy Drucker, deen duerch ee Defekt 38 Kilometer virun der Arrivée zeréckgefall war, gouf den 78. op knapp 4 Minutten an den Alex Kirsch huet opginn.
1 Zdenek Stybar (Deceuninck-Quick Step)
2 Wout van Aert (Jumbo-Visma)
3 Greg Van Avermaet (CCC)
4 Alberto Bettiol (Education First)
5 Bob Jungels (Deceuninck-Quick Step)
6 Nils Politt (Katusha Alpecin)
7 Matteo Trentin (Mitchelton-Scott)
8 Oliver Naesen (AG2R La Mondiale)
9 Jasha Sütterlin (Movistar)
10 Marc Hirschi (Suwneb)