Optakt vum Giro d'ItaliaZweete groussen Tour fir de Michel Ries

RTL Lëtzebuerg
Mat 25 Joer ass et den zweeten groussen Tour fir de Michel Ries.
© Arkéa Samsic

De Coureur vum Team Arkéa Samsic war 2020 schonn d`Vuelta gefuer. An der franséischer Ekipp ass de Warre Barguil de Leader. Fir e gutt Generalklassement schéngt et awer fir de Fransous schwéier ze ginn. Fir de 7. vum Tour de l`Avenir aus dem Joer 2019 gëllt et besonnesch an de schwéiere Biergetappe gutt Leeschtungen ze bréngen.

Michel Ries 1
Giro

De Michel Ries ass den Tuer duerch den Oman, Paris-Nice an den Tour duerch d`Baskeland als Virbereedung op de Giro gefuer,de jonke Coureur ass mat senger Virbereedung iwwer déi lescht Wochen zefridden.

Michel Ries 2
Giro

Arkéa Samsic huet kee Coureur fir an Top 3 vum Generalklassement ze fueren, Evenepoel a Roglic sinn och dem Michel Ries seng Favoritten. Eng Course iwwer 3 Woche kann allerdéngs fir Iwwerraschunge suergen.

Michel Ries 3
Giro

Back to Top
CIM LOGO