Kockelscheier11. Editioun vum BeNeLux Cup am Short Track

Yannick Gross
De leschte Sonndeg gouf op der Kockelscheier déi 11. Editioun vum BeNeLux Cup am Short Track organiséiert.
11. Editioun vum BeNeLux Cup am Short Track

Mat dobäi war de COSL-Kader-Leefer Peter Murphy, deen normalerweis éischter op internationalen Tournoien ënnerwee ass, et sech dëst Joer awer net huele gelooss huet, och eng Kéier hei heem ze lafen.

Immens séier waren d’Athleeten de leschte Sonndeg um Äis op der Kockelscheier ënnerwee. Short Track, dat ass den Numm vun dëser spezieller Sportaart, déi an Europa ëmmer méi beléift gëtt. Dat weist sech och bei dëser Kompetitioun hei am Grand-Duché, bei där och dëst Joer erëm vill Athleeten aus Holland, der Belsch a Lëtzebuerg mat dobäi waren. De Kaj Backström, President vum Veräin:

“Das ist das 11. Mal, dass wir dieses Turnier organisieren und es sind immer so 60-70 Läufer hier aus diesen Ländern, das sind unsere Freundschaftsländer.”

Ee vun de Lëtzebuerger Athleeten ass de Peter Murphy, deen an der Vergaangenheet scho bei villen internationale Kompetitioune matgelaf ass. Trotzdeem war et fir hie flott, och heiheem am Grand-Duché kënnen ze lafen.

“Mir hunn zu Lëtzebuerg net oft d’Méiglechkeet, sou een Turnéier hei zu Lëtzebuerg ze organiséieren. Fir de Club hei a fir d’Kanner ass et am Fong ganz wichteg a mir gesinn och Kanner, déi aus der Belsch oder Holland fueren. Fir mech selwer ass et einfach bësse Spaass an ech kann deenen anere Leit weisen, wat Short Track ass.”

Short Track huet mam Äishockey awer schonn ëmmer eng grouss Konkurrenz gehat, wat Sportaarten um Äis ubelaangt. Trotzdeem huet sech de Sport an de leschte Jore positiv weiderentwéckelt an och d’Zäit, fir um Äis ze trainéieren ass am internationale Verglach hei am Land gutt. Et gesäit een awer nach Verbesserungspotential, dat virun allem an der Jugend, sou de Kaj Backström.

“Wir haben hier gut Zeit, aber in anderen Ländern ist es weniger. Wir haben 40 Läufer und würden natürlich gerne mehr Jugendliche haben. Es ist super interessant, nicht ohne Risiko, aber welche Sportart ist schon ohne Risiko.”

Wichteg si bei dëser Sportaart awer net nëmmen d’Leefer selwer, mee och d’Material a virun allem gutt Kuffen, fir kënne gutt Leeschtungen um Äis ze weisen. Am Verglach zu Äishockey-Kuffe ginn et hei och däitlech Ënnerscheeder.

“De Short Track-Kuffen ass vill méi laang a vill méi dënn wéi een Äishockey-Kuffen. En ass och méi schaarf, wëll en an de Kéiere gutt muss hale kënnen.”

An och d’Technik respektiv d’Ausdauer an den Energie-Management dierfen an dëser Sportaart net ze kuerz kommen.

“An enger 500 Meter gëss de wierklech Gas. 1.000 oder 1.500 Meter ass net ëmmer d’Zäit entscheedend, mee den éischten oder zweeten, deen iwwer d’Linn fiert, kënnt weider oder gewënnt. Et muss een awer nach heiansdo e bëssen Energie an den éischte Ronne spueren.”

Vill Energie gespuert haten d’Athleete beim BeNeLux Cup awer net, wat fir vill flott Dueller gesuergt huet an dëse Sport an der Entwécklung och hei am Land weider no vir brénge wäert.

Back to Top
CIM LOGO