36 Joer laang huet de Marc Schreiner sech als President vum de Paralympics fir de Sport fir physeschbehënnert Matmënschen agesat. Den Interimskomitee stécht an de Startbléck.
De Kommitee huet wëlles nach méi Professionalitéit an d’Organisatioun, souwéi och an de Contenu afléissen ze loossen.
Déi fréier Grande-Duchesse Maria Teresa huet sech per Video un d’Assistance adresséiert.
Et goufen och eng Rei vu Sportler geéiert, déi a verschiddenen Discipline wärend dem Joer international an Aktioun waren.
Besonnesch ervirgestach sinn d’Resultater vum Liz Conzemius an dem Steve Nothum. De lescht genannte huet de Grand Prix am Para-Schéisse gewonnen . D’Liz Conzemius gouf schonn op der Sportlergala geéiert, fir den Europameeschtertitel am Blannen-Tennis. D’Initiativ, fir ze sensibiliséieren, gouf ausgebaut souwéi och fir de behënnerte Matmënsche selwer ze weisen, wat och si am Sport kënnen erreechen a wéi hëllefräich et am Alldag ka sinn.
D’Badminton Federatioun gouf fir den interessantsten Atelier wärend de Paralympics Days ausgezeechent. Den Éierewäin huet de Public sech misste verdéngen. Zesumme mat de behënnerte Sportler stoung eng kleng Opwierm-Seance zum Ofschloss um Programm.