
D’Australian Open sinn all Joer den éischte grousse Rendez-vous vun der Tenniswelt. Insgesamt 128 Hären trieden an der Qualifikatioun fir den éischte Grand Slam un; dozou gehéiert och de Chris Rodesch.
E Sonndeg gouf bekannt, dass d’Lëtzebuerger Nummer 1 am éischte Qualifikatiounstour géint de gesaten Englänner Billy Harris spille muss. Hie spillt am ënneschten zweeten Tablo an de Match ass fir en Dënschdeg ugesat. Den Englänner ass aktuell an der Weltranglëscht op der 127. Plaz gelëscht, de Rodesch ass 80 Plazen hannendrun (207).
Am Fall vun enger Victoire géint den Harris géif de Lëtzebuerger entweeder op de Wildcard-Spiller Li Tu (Australien) oder de Spuenier Rafael Jodar treffen. Et muss een dräi Matcher gewannen, fir am Haapttablo vun den Australian Open dobäi ze sinn.