
Zesumme mat der Gemeng Réiser hunn d’Organisateure vum bekannten Turnéier decidéiert, dëst Joer keng Päerdsdeeg z’organiséieren. No räiflecher Iwwerleeung wier een zur Conclusioun komm, dass déi Decisioun der nohalteger Entwécklung an der laangfristeger Qualitéit vum Event a vun der Organisatioun géing ze Gutts kommen.
Iwwer déi genee Hannergrënn vun dëser Decisioun, grad ewéi weider Aktivitéite vun dësem Joer, géif een den nächste Méindeg informéieren.
D’Organisateure soen alle Partner, Fräiwëllegen, Sportler, Spectateuren a Sponsore Merci fir hire Versteesdemech an hir weider Ënnerstëtzung. 2027 wäert den Event da rëm organiséiert ginn.