Schi-AlpinD'Gwyneth ten Raa hëlt seng éischt Punkten am Europacup

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg gouf zu Zinal an der Schwäiz den Europacup am alpine Schi gefuer. Fir d'Gwyneth ten Raa war et eng ganz erfollegräich Course.
© Arthur Thill / Archivbild

Déi jonk Lëtzebuergerin koum am Riseslalom an der éischter Manche op déi 30. Plaz. Deementspriechend ass si an der zweeter Manche vun der zweeter Positioun gestart. Hei hat si déi aachtbeschten Zäit. Am Gesamtresultat kënnt si domat op déi 28. Plaz a kritt dräi Europacup-Punkten.

Domat ass si di éischt Lëtzebuerger Schifuererin, déi am Europacup Punkte krut zanter dem Marc Girardelli.

Back to Top
CIM LOGO