FLA AwardsD'Lëtzebuerger Liichtathletik huet e staarkt Joer hannert sech

Bern Thill
Mat der Patrizia van der Weken an dem Ruben Querinjean ass de Präis vun der Sportlerin a vum Sportler vum Joer zwee Mol u Liichtathleete gaangen.

Viru senger sensationeller Victoire wärend der Diamond League zu Bréissel iwwer 3.000 Meter Steeple war de Ruben Querinjean wéineg bei eis am Ländche bekannt. D’Popularitéit vum Athleet, mat der Lëtzebuerger a belscher Nationalitéit, ass wärend de leschten Deeg gewuess. D’Presenz op de Festlechkeete vum 25. Anniversaire vu sengem Veräin, dem CSL, op der Sportsgala vun der Lëtzbuerger Sportspress a last but not least op den Awards vun der Liichtathletik, wou den Athleet mat Präisser iwwerschott gouf.

Fir de sympatheschen Athleet steet den nächste Weekend d’Cross-Europameeschterschaft um Programm. De Ruben Querinjean ass sech och bewosst, dass d’Kenntnis vun der Lëtzebuerger Sprooch e weidere Plus kéint ginn, fir sech an d’Lëtzebuerger Sportswelt z’integréieren. Mam Ruben Querinjean als Sportler vum Joer, dem Arnaud Starck als beschten Trainer an dem Patrizia van der Weken als Sportlerin vum Joer gouf déi aktuell Stäerkt vun der Lëtzebuerger Liichtathletik demonstréiert.

D’Patrizia van der Weken gouf och vun der Liichtathletikfederatioun als Athleetin vum Joer gewielt, konnt awer net op den Awards present sinn, well e Stage am Ausland um Programm steet. D’lescht Joer war mam internationale Meeting an der Coque den Ufank vun enger staarker Indoor-Saison. Et kann ee gespaant sinn, a wéi enger Form d’Sportlerin vum Joer sech den 18. Januar wäert presentéieren. D’Uyana Granger an den Damien Pechon goufen als Nowuesstalenter vum Joer gewielt. Am Allgemenge goufen et eng ganz Rëtsch vun interessante Resultater an de Jugendkategorien ze verzeechnen.

Net ze vergiessen d’Masters mat internationalen Titelen. D’Jugend an d’Benevoller goufen och op d’Bün geruff. Ouni si géing net vill lafen. De Charel Grethen krut Merci gesot fir seng 27 Joer laang virbildlech Karriär, mat enger Foto encadréiert mat engem Stéck Tartan vun der Lafpist vun Tokio, wou hie Finalist iwwer 1500 Meter op den Olympesche Spiller war.

D’Federatioun huet net verroden, wéi se un dat Stéck vun der Pist koum. D’Lëtzebuerger Liichtathletik schwieft op enger Wollek, Mol kucke wou d’Rees higeet.

Back to Top
CIM LOGO