Iwwerbléck vum WantersportDomen Prevc feiert nächst Victoire am Schisprangen

RTL Lëtzebuerg
Norwegen gewënnt am Biathlon d'Häre-Staffel a bei den Damme war d'Lisa Vittozzi net ze klappen. Am Schi Alpin huet den Timon Haugan de Slalom zu Val d'Isère gewonnen.
Slovenia's Domen Prevc celebrates after wining the men's Individual Large Hill HS140 of the FIS Ski Jumping World Cup in Klingenthal, eastern Germany on December 14, 2025
© AFP

D’Schisprangen zu Klingenthal huet den Domen Prevs op en Neits dominéiert. De Sloween hat 13 Punkten Avance op de Ren Nikaido. Mam Ryoyu Kobayashi huet e weidere Japaner de Sprong op de Podium gepackt. Och bei den Dammen housch d’Gewënner Prevc, dës Kéier awer Nika Prevc. Och si gewënnt virun enger Japanerin, der Nozomi Maruyama. Béid haten eng kloer Avance op déi Drëttplacéiert Anna Odine Ström aus Norwegen. Mat der Selina Freitag an der Agnes Reisch hunn zwou Däitsch de Sprong op de Podium esou just verpasst.

Am Biathlon war an der Häre-Staffel kee Kraut géint Norwegen gewuess. Frankräich war déi eenzeg Natioun, déi e bësse mathale konnt. Um Enn mussten d’Norweeger (1:11:54) keng Strofronn lafen, genee wéi d’Fransousen (+ 0:43) an d’Schweeden (+ 1:05), déi Drëtt goufen. D’USA goufen och ouni Strofronn déi Véiert (+ 1:14), Däitschland als Fënnefte (+ 1:20) musst awer eng Kéier en Extratour lafen.

Och d’Damme waren zu Hochfilzen am Asaz, do stoung awer d’Verfollgung iwwer 10 Kilometer um Programm. Hei gouf et eng Victoire fir d’Lisa Vittozzi aus Italien, déi vun der 14. Plaz an d’Course gaange war. Si an d’Anna Magnusson hu sech e Kapp-u-Kapp-Duell geliwwert. D’Vittozzi hat opgrond vun hirer Schnellegkeet beim Schéissen um Enn d’Nues vir (+11,4). D’Maren Kirkeeide aus Norwegen gouf déi Drëtt mat 39,5 Sekonne Virsprong.

Beim Slalom op der “Face de Bellevarde” zu Val d’Isère duerft den Timon Haugan eng kloer Victoire virum Loïc Meillard an dem Henrik Kristoffersen feieren. D’Damme waren zu St. Moritz am Asaz. Am Super G hat d’Alice Robinson eng minimal Avance vun 0,08 Sekonne virun der Franséisin Romane Miradoli. D’Sofia Goggia huet de Podium komplettéiert.

Back to Top
CIM LOGO