
Op Neijoerschdag steet traditionell dat zweet Sprange vun der Véierschanzentournée um Programm. Scho fir den Optakt e Méindeg hat den Domen Prevc senger Konkurrenz keng Chance gelooss. Zu Oberstdorf ass hien op déi éischt Plaz gesprongen an huet sech domat schonn nom éischten Dag vun der Kompetitioun e Virsprong vu ganze 17 Punkten am Generalklassement opgebaut.
En Donneschdeg huet hie seng staark Form zu Garmisch-Partenkirchen dann eng weider Kéier ënner Beweis gestallt. Mat 303.10 Punkten wënnt den Domen Prevc um Enn souverän virun den Éisträicher Jan Hörl a Stephan Embacher, déi allebéid 287.10 Punkten haten.
Weider geet et bei der Véierschanzentournée de Weekend zu Innsbruck.