A wéi gesäit et bei Iech mat den Neijoersvirsäz aus? Wien elo am neie Joer Beweegung sicht, fir dee sinn déi dräi Trail-Parcoursen am Bambësch vu jee 10 Kilometer villäicht genee dat richtegt. Dës hu verschidde Schwieregkeetsgraden, déi ënner anerem duerch hiren Dénivelé, also den Héichtenënnerscheed op der Streck, bestëmmt ginn. Fir den einfachste Wee, dee blo gezeechent ass, sinn dëst 145 Meter. De rouden huet 138 Meter an de schwaarzen 168 Meter. “De schwaarzen Trail ass scho schwéier, do muss ee scho sportlech sinn. De rouden ass ok an de bloen ass wierklech easy, fir mat der Famill”, erkläert de José Llamas Luna vun der Stad Lëtzebuerg, dee Responsabel fir d’Trail-Weeër ass. Ganz Sportlecher kënnen d’Parcoursen och kombinéieren a bis zu 30 Kilometer lafen, oder eben trëppelen.
D’Startpunkte sinn d’Parkinge ronderëm de Bambësch. Dozou zielen de Laftreff, d’Batterie, d’Spora, d’Juegdschlass, d’Maison B, Siwebueren, Kaleknapp oder och nach de Parking Briddel. Wanderer, déi am Bambësch kënneg sinn, sinn d’Tier mat den Nimm Hues, Fuuss, Ahorn oder Eil natierlech e Begrëff. Wisou elo also nach weider Weeër a Schëlder duerch de Bësch? “T’ass éischter eng Demande gewiescht, fir méi zesummenhänkend, méi laang Weeër ze schafen. Déi Weeër hunn nach ëmmer existéiert a mer hunn eben elo just e Circuit doraus gemaach”, seet den éischte Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg Maurice Bauer. 2022 waren d’Leit am Bambësch gefrot ginn, wat hinnen am Bësch géing feelen. Bis elo waren déi meescht Circuiten nämlech just eng 5 Kilometer laang.
Fir déi nei Parcourse wieren déi schéinste Spadséierweeër aus dem Bambësch ausgewielt ginn. “Dat si keng Autobunnen. Dat si schmuel Weeër, mat ville Variatiounen a vill Natur. Wou een, wann ee spadséiere geet seet: ‘Sou e schéine Bësch hei an der Stad.’ Mee dat ass effektiv esou”, seet de José Llamas Luna.
Fir sech beim Lafen dann net ze verlafen, ka sech och d’App LetzTrail vun enger Lëtzebuerger Startup erofluede ginn.