NFL - Week 16Et bleiwen nach just zwou Playoff-Plazen an der NFC an an der AFC op

Kevin Kayser
Nom 16. Spilldag hunn 10 Ekippen hiren Ticket fir d'Playoffs scho sécher, 8 Ekippe streide sech nach ëm déi lescht véier Plazen.
© JARED C. TILTON/Getty Images via AFP

An der AFC hunn d’Broncos, d’Patriots, d’Jaguars, d’Chargers an d’Bills hir Plazen an de Playoffs geséchert. Aktuell mat dran wieren d’Steelers an d’Texans, déi awer nach mussen op d’Colts an d’Ravens oppassen.

D’Steelers haten eng wichteg Victoire bei de Lions gefeiert, fir sech dës Plaz ze séchern. No engem 10:10 an der Paus konnten d’Steelers hiren Avantage op 22:10 an dono op 29:17 ausbauen. D’Lions koumen nach op 29:24 erun a stounge mat nach 8 Sekonne virun der Endzon vun de Steelers. D’Pass vum Jared Goff huet säin Zil erreecht an den St. Brown huet de Ball och bis un respektiv an d’Endzon bruecht. Ma d’Arbitter hunn wéinst engem Foul, enger Offensive Pass Interference, dëse Spillzuch awer net ziele gelooss. A well d’Zäit ofgelaf war, kruten d’Lions de Ball net méi erëm.

D’Seahawks, d’Bears, d’Eagles, d'49ers an d’Rams hunn an der NFC hir Plaz an der Playoffs sécher. Aktuell stinn d’Panthers an d’Packers nach hannendrun, d’Lions an d’Buccaneers laueren awer hannert dësen zwou Ekippen. D’Ekipp aus Detroit hätt mat enger Victoire géint d’Steelers hir Positioun wuel däitlech verbessert, behält awer nach ëmmer d’Chance op d’Playoffs, sollten d’Packers d’Nerven net behalen a si hir lescht zwee Matcher gewannen.

An der NFC South gouf et e Wiessel bei de Playoffs-Plazen. Am direkten Duell tëscht de Panthers an de Buccaneers konnt d’Ekipp aus Carolina d’Victoire doheem halen an d’Ekipp aus dem Süde vu Florida vum “Troun” an hirer Divisioun stoussen. Et war eng Partie, déi hin- an hiergaangen ass. Mol waren d’Panthers a mol d’Buccaneers vir. De gréissten Ecart gouf et beim 10:3 fir d’Bucs am Ufank vum zweete Véierel. D’Panthers hunn um Enn vum drëtte Quarter de Match op 20:17 gedréint an nach eng Kéier op 23:20 virgeluecht. An hirem leschte Versuch vun de Gäscht, fir d’Partie nach auszegläichen oder ze dréinen, gouf et e Mëssverständnis tëscht dem Quarterback Mayfield an dem Receiver Evans, esou datt de Ball vum Ransom ofgefaange konnt ginn. Déi lescht Sekonnen hunn d’Panthers oflafe gelooss. Béid Ekippe sti sech nach eng Kéier um leschte Spilldag géintiwwer an do kéint definitiv decidéiert ginn, wien d’NFC South an de Playoffs vertrëtt. Dotëscht reesen d’Bucs nach op Miami bei d’Dolphins an d’Panthers treffen doheem op d’Seahawks.

E richtege Galamatch hat de Quarterback vun de 49ers Brock Purdy géint d’Colts. An der 48:27-Victoire, an der Paus stoung et nach 24:17, hat de Purdy fir fënnef Touchdowns gehäit, eng vu senge Päss gouf awer och ofgefaangen. 24 vu 34 Versich koumen un, dat fir 295 Yards. Op der anerer Säit krut de 44 Joer ale Philipp Rivers 23 vu 35 Bäll un de Mann fir 277 Yards, zwee Touchdowns an eng Interception.

D’Resultater am Iwwerbléck

Los Angeles Rams - Seattle Seahawks 37:38
Philadelphia Eagles - Washington Commanders 29:18
Green Bay Packers - Chicago Bears 16:22
Tampa Bay Buccaneers - Carolina Panthers 20:23
Buffalo Bills - Cleveland Browns 23:20
Los Angeles Chargers - Dallas Cowboys 34:17
New York Jets - New Orleans Saints 6:29
Minnesota Vikings - New York Giants 16:13
Kansas City Chiefs - Tennessee Titans 9:26
Cincinnati Bengels - Miami Dolphins 45:21
Atlanta Falcons - Arizona Cardinals 26:19
Jacksonville Jaguars - Denver Broncos 34:20
Pittsburgh Steelers - Detroit Lions 29:24
Las Vegas Raiders - Houston Texans 21:23
New England Patriots - Baltimore Ravens 28:24
San Francsco 49ers - Indianapolis Colts 48:27

Back to Top
CIM LOGO