Ugefaange mam Patrizia van der Weken. No engem laangen ustrengende Joer hat d’Sprinterin Mëtt September eng Paus vun engem Mount ageluecht. Elo fänkt eng nei Saison un. Et stoung och e Stage op Teneriffe an een zu Belek um Programm. Mat engem Chrono vu 7 Sekonnen an 20 Honnertstel an de Virleef huet d’Sportlerin vum Joer d’Qualifikatiounszäit fir d’Indoor-Weltmeeschterschaft a Polen Mëtt Mäerz erreecht. Et bleiwen nach 14 Honnertstel bis zum Rekord.
D’Victoria Rausch war e Sonndeg 4 Mol am Asaz, dëst mat de Virleef an de Finallen op de 60 Meter Sprint an Hecken.
D’Fanny Arendt koum an d’Coque mat der Absicht, fir den nationale Rekord op de 600 Meter opzestellen. Um Enn war si dräi an eng hallef Sekonn méi séier wéi dem Charline Mathias säin ale Landesrekord. Nom Internationale Meeting fiert d’Fola-Athleetin zréck an Amerika op d’Uni.
Den 18. Januar moossen déi 3 Sportlerinne sech da wärend dem internationale Meeting an der Coque mat internationalen Top-Athleetinnen.