Darts-WMFavoritte setze sech duerch, historesch Momenter fir Indien a Kenia

RTL Lëtzebuerg
E Freidegowend waren déi lescht Matcher vun der éischter Ronn. Vill Favoritten hu sech duerchgesat, haten awer och zum Deel Krämpes.
© DENNIS GOODWIN/DPPI via AFP

Zënter dem 11. Dezember leeft d’Darts-Weltmeeschterschaft am berüümten Alexandra Palace zu London. E Freidegowend waren déi lescht Matcher vun der éischter Ronn.

Eng Rei Kandidaten op den Titel hunn et an den zweeten Tour vun der Dart-Weltmeeschterschaft gepackt. De Chris Dobey, Scott Williams a Luke Littler hu sech an hirem éischte Match keng Bléisst ginn. Och de Gerwyn Price, Luke Humphries an de Saarlänner Gabriel Clemens sinn eng Ronn weider. Weider Gréisste vum Dartsport wéi de Gary Anderson, Stephen Bunting a Peter Wright stinn och am zweete Tour.

De Michael van Gerwen hat a sengem Match géint de japaneschen Aussenseiter Mitsuhiko Tatsunami ongewinnt Schwieregkeeten an huet sech um Enn 3:1 behaapt. Den Hollänner hat direkt den éischte Saz verluer a louch kuerz drop 0:2 an de Jeuen zeréck. Hie krut de Match awer nach gedréint. Mam Motomu Sakai steet awer en anere Japaner am nächsten Tour.

Déi grousst Geschicht vun dëser Weltmeeschterschaft ass bis elo d’Opstriewe vum Kenianer David Munyua. De WM-Debütant huet sech an engem Thriller géint de Belsch Mike De Decker duerchgesat a fir déi éischt grouss Sensatioun gesuergt. Déi belsch Nummer 18 an der Weltranglëscht louch schonn 2:0 an de Sätz vir, mee dunn huet de Kenianer seng grouss Ophueljuegd gestart an awer nach 3:2 gewonnen.

Fir e weideren historesche Moment huet den Nitin Kumar gesuergt. Den 3:2 géint den Hollänner Richard Veenstra warfir déi éischt Victoire fir en indesche Spiller.

D’Fallon Sherrock, déi 2019 als éischt Fra bei der Dart-WM participéiert hat, huet hire Match an der éischter Ronn kloer 0:3 verluer. Si hat dëst Joer mat ville gesondheetleche Problemer ze kämpfen, dohier war d’Participatioun un der WM schonn en Erfolleg fir si.

De Simon Whitlock an de Raymond van Barneveld, Kultfiguren aus dem Dartsport, goufe schonn am éischten Tour eliminéiert. Fir Opreegung an negative Feedback hat d’Reaktioun vum Cameron Menzies gesuergt, deen no senger knapper Néierlag géint den Debütant Charlie Manby aus der Schwäiz rosen op den Spillerdësch mam Waasser an de Feiler ageschloen hat.

E Samschdeg geet et scho mat den éischte Matcher vum zweeten Tour weider. Do spillen ënner anerem de Chris Dobey an de Stephen Bunting.

Back to Top
CIM LOGO