Bei den Damme konnt d’Cornelia Hütter d’Descente zu Val-d’Isère an de franséischen Alpe gewannen. D’Éisträicherin hat eng Avance vu 26 Honnertstel op d’Kira Weidle-Winkelmann aus Däitschland a vu 35 Honnertstel op d’US-Amerikanerin Lindsey Vonn. Fir d’Hütter ass et déi éischt Victoire vun der Saison.
Bei den Häre stoung zu Val Gardena an Italien och eng Descente um Programm. Bei der 3. Descente vun der Saison war et hei déi éischte Kéier, dass de Gewënner net Marco Odermatt geheescht huet. De Schwäizer hat 30 Honnertstel Retard op säi Landsmann Franjo von Allmen an ass domat just den 2. ginn. Déi 3. Plaz war fir den Italiener Florian Schieder (+0.98 Sekonnen).
Bei den Dammen huet d’Nozomi Maruyama (274.90 Punkten) zu Engelberg an der Schwäiz schonn hir 5. Victoire vun der Saison gefeiert. Der Japanerin hir grouss Konkurrentin, d’Nika Prevc, ass duerch e méi schwaachen 2. Versuch nach op déi 2. Plaz zréckgefall (273.20 Punkten). De Podium gouf vun der Norwegerin Anna Odine Strøm (267 Punkten) komplettéiert.
Bei den Hären huet den Domen Prevc säi 4. Succès hannertenee gefeiert. Mat engem Resultat vun 330.20 Punkten huet de Slowen sech virum Däitsche Felix Hoffmann (326.40 Punkten) an dem Japaner Ren Nikaido (318.10 Punkten) duerchgesat.
Zu Annecy-Le Grand Bornand a Frankräich huet d’Lokalmatadorin Lou Jeanmonnot sech d’Victoire an der Poursuite iwwer 10 Kilometer geséchert. No engem souveränen Optrëtt huet d’Jeanmonnot sech mat enger Avance vun 30.20 Sekonnen hir 2. Victoire vun der Saison geséchert. D’Suvi Minkkinen aus Finnland an d’Italienerin Dorothea Wierer (+32.70 Sekonnen) hunn et op d’Plazen 2 an 3 gepackt.
Bei den Häre huet de Johan-Olav Botn d’Poursuite iwwer 12.5 Kilometer fir sech entscheet. Den Norweger ass ouni Feeler bliwwen an hat domat eng Avance vu 17.60 Sekonnen op de Fransous Emilien Jacquelin op Plaz 2. Den Norweger Johannes Dale-Skjevdal hat e Retard vu 17.90 Sekonnen an huet sech esou als 3. klasséiert. Mat dëser Victoire baut de Botn seng Féierung an der Weltcup-Wäertung aus.