
Et war eng kloer Affär: 0:3 gewënnt den Hollänner Wesley Plaisier géint de Matfavoritt op den WM-Titel vun dësem Joer. Sportlech gesinn kann een hei scho vun enger Sensatioun schwätzen, grad och, wéi de Plaisier gewonnen huet. Kuckt een nämlech d’Weltranglëscht, esou leien e puer Plazen tëscht den zwee Spiller. De Price, deen nieft dem Luke Littler an dem Luke Humpfries zu den Toppfavoritte gegollt huet, ass d’Nummer 9, wärend e Plaisier op der 92 gefouert gëtt.
Obwuel de Plaisier d’Partie mat 3:0 gewonnen huet, hat hien mat sengem 94er-Average esouguer nach ee Punkt manner wéi de Price. Ma seng Duebelquot war mat 56 Prozent richteg gutt, de Waliser an Ex-Weltmeeschter koum hei just op 40 Prozent. Nom Match huet sech den Hollänner iwwerglécklech mat der Victoire gewisen. “Et ass meng gréisste Victoire iwwerhaapt”. Frou war de Wesley Plaisier och doriwwer, datt hien um Schluss roueg bliwwen ass. “Ech war esou nervös”, sot hien am Interview.