Darts-WMHarespele suerge fir Opreegung am Ally Pally

RTL Lëtzebuerg
Bei der Darts-Weltmeeschterschaft hate schonn eng Rei Spiller Kontakt mat Insekten, déi sech d'Wërf op d'Dartscheif vun Noem ukucke wollten.
© SHANE HEALEY/DPPI via AFP

Déi sougenannt “Ally-Pally-Harespel” huet scho bei enger Rei Dartsspiller fir verschiddenst Reaktioune gesuergt. Den amtéierende Weltmeeschter Luke Littler ass hir no sengem Match an der éischter Ronn nach gekonnt ausgewäicht, aner Spiller hu sech mat Insektespray ekipéiert a provisoresch op der Bün verspréit.

Et ass net déi éischt Kéier, dass d’Turnéier am Alexandra Palace zu London vun Harespelen heemgesicht gëtt, an net ëmmer geet esou gutt aus wéi bis elo an dësem Joer. 2023 gouf de Ross Smith no senger Victoire dräi Mol vum Insekt gepickt. Dass Harespele speziell am “Ally Pally” ëmmer nees wärend der Darts-Weltmeeschterschaft opdauchen, läit warscheinlech dorun, dass et en Nascht op enger dréchener, waarmer Plaz am Gebai gëtt an d’Déiere vun der Wäermt, déi duerch d’Luuchten entsteet, ugezu ginn.

Back to Top
CIM LOGO