De RIAC huet eng zolidd international Renommée. Wärend deenen 42 Editioune si schonn eng ganz Rei vu Weltklassesportler hei defiléiert. D’Tatsaach, dass dëst Joer 4-RIAC a 4 Ibis-Cup-Rekorder gebrach goufen, ënnermauert den héijen Niveau vun dësem Joer, mat e puer Sportler aus den Topp 10 vun der Weltranglëscht. Kee Lëtzebuerger konnt sech eng Plaz an der Finall sécheren. Mat der Loftpistoul huet den Dimitar Dinev sech mat enger 13. Plaz vun 59 als beschte Lëtzebuerger klasséiert.
Mam Luca Klein huet d’Federatioun en Nowuesstalent an der Juniorskategorie. Hien ass am Promotiounskader vum COSL an huet scho gutt Resultater opzeweisen. Leider huet den 18-Järegen d’Handgelenk verstaucht a konnt net um RIAC deelhuelen. D’Federatioun géing sech wënschen, eng gréisser Zuel vu jonke Leit fir de Schéisssport begeeschtert ze kréien. Aus Lëtzebuerger Siicht hunn, all d’Disciplinnen an d’Kategorien zesummegezielt, 9 Hären a 4 Dammen deelgeholl.