Am Sprint iwwer 10 Kilometer zu Östersund huet e Samschdeg de Johan-Olav Botn gewonnen. Den Norweger war no 24:26.30 Minutten ouni Feeler op der Arrivée ukomm an hat dobäi een Ecart vun 11.10 Sekonnen op säi Landsmann Martin Uldal. Déi drëtt Plaz um Podium war fir de Fransous Quentin Fillon Maillet mat engem Retard vu 14.30 Sekonnen.
Am Schisprangen waren e Samschdeg d’Hären op der Schanz zu Wisla gefuerdert. Hei gouf et um Enn e Succès vum Slowen Domen Prevc, dee sech mat 286.20 Punkte virum Däitsche Philipp Raimund (279.40) an dem Japanaer Ryoyu Kobayashi (267.20) behaapt huett. E Sonndeg sinn d’Häre vu 15.55 Auer un op en Neits zu Wisla am Asaz.