Badminton-ChampionnatJonglënster geet als ongeschloenen Hierschtmeeschter an d'Wanterpaus

Jeff Birsens
E Sonndeg waren an der nationaler NSI Badminton League déi lescht Matcher virun der Wanterpaus.
© Feluba

D’Ekipp vun der Hironn ass ganz kloer de BC Jonglënster, deen an der aktueller Saison nach kee Match verluer huet. Eng Muechtdemonstratioun gouf et virun allem um 7. Spilldag, wou ee sech mat 7:1 géint den direkte Verfollger vum Badminton Schëffleng behaapte konnt. Jonglënster geet mat 18 Punkten an engem Virsprong vun zwee Punkten op Schëffleng an d’Wanterpaus an huet duerch déi staark Prestatioune gutt Viraussetzungen, fir sech de Championstitel um Enn ze huelen.

Hannert den zwou Spëtzenekippe Jonglënster a Schëffleng zeechent sech e spannende Kampf ëm déi drëtt Plaz of. Mat jeeweils 13 Punkte leien de Fiederball Izeg an de BC Déifferdeng op Aenhéicht, ma och de BC Käldall huet mat 10 Punkten nach d’Chance, do ee Wuert matzeschwätzen. D’Tabellenenn besteet aus dem BC Européen mat 8 Punkten an dem Badminton Club Diddeleng mat 6 Punkten.

Den Optakt vun der Réckronn an der NSI Badminton League ass den 18. Januar 2026 um Hesper Holleschbierg.

Den Detail vun de Matcher an der Tabell fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO