Rugby Europe ConferenceLëtzebuerg gewënnt souverän géint Estland

Charlie Stone
No enger dominanter Performance géint Estland huet Lëtzebuerg am Stade de Luxembourg viru ronn 1.000 Spectateure mat 93:0 gewonnen. 
De Resumé vum Match Lëtzebuerg géint Estland an der Rugby Europe Conference
Lëtzebuerg huet Estland am Stade de Luxembourg mat 93:0 deklasséiert

D’Lëtzebuerger ware vun Ufank un am Match a sou stoung et no 9 Minutte scho 17:0 fir d’Rout Léiwen. Duerch een intelligent Kickspill konnt d'15 vu Lëtzebuerg hir Féierung zur Hallschent bis op 60:0 ausbauen.

An der zweeter Hallschent hunn d’Esten hir Linn standhaft verdeedegt. Lëtzebuerg huet duerchgewiesselt a mam Casmier Yandall, Louis Darras an de Melvil Ruppert dräi Spiller zu hirem Debut verhollef. Dem James Kent seng Männer hunn och an der zweeter Hallschent näischt ubrenne gelooss an hunn no enger duerch an duerch dominanter Performance mat 93:0 gewonnen.

Lëtzebuerg mat souveräner Victoire an der Rugby Europe Conference (Replay)

Back to Top
CIM LOGO