
En Donneschdeg stoung op Neijoerschdag nees den traditionelle Cyclocross zu Péiteng um Hierschtbierg mat dräi internationale Courssen um Programm.
Bei der Dammen Elite hat d’Christine Majerus bis elo als eenzeg Lëtzebuergerin bei der traditioneller Neijoerschscourse gewonnen, dat ganzer fënnef Mol. Op dëser Editioun huet sech elo awer och d’Liv Wenzel an dës Lëscht agedroen. Déi 22 Joer al Coureuse ass op deem schwéiere Parcours zu Péiteng no 46:12 Minutte mat engem groussen Ecart vun 1:23 Minutt virum Nina Berton iwwer d’Arrivée gefuer. Déi drëtt Plaz war fir d’Fransousin Lauriane Duraffourg mat engem Réckstand vun 2:02 Minutten.
D’Course vun der Hären Elite huet de Gerben Kuypers gewonnen. De 26 Joer ale Belsch huet säi Landsmann Lander Loockx an de Fransous Théo Thomas hannert sech gelooss. Beschten an och eenzege Lëtzebuerger ënnert deenen éischten Zéng war de Mil Morang mat der 9. Plaz.
Bei de Junioren ass d’Victoire un de Caliste Chainel gaangen. Den 18 Joer ale Fransous ass no 41:53 Minutten als éischten op der Arrivée ukomm, dat 25 Sekonne virum Hollänner Sven Wisse an 1:01 Minutt viru sengem Landsmann Maxence Detre. Beschte Lëtzebuerger vun der Course war de Ben Koenig, dee mat engem Retard vun 1:07 de Podium nëmme knapp verpasst an um Enn op déi 4. Plaz komm ass. Mam Ben Fleming op der 7. Plaz an engem Retard vun 1:21 huet et e weidere Lëtzebuerger an d’Top10 gepackt.