Darts-WM: 1/4-FinallenLuke Littler an Toppform, Nummer 2 Luke Humphries eliminéiert

Jeff Birsens
En Donneschdeg si bei der Darts-WM d'1/4-Finalle gespillt ginn, an deenen et op en Neits net ouni Iwwerraschung bliwwen ass.
© Photo by SHANE HEALEY / PROSPORTSIMAGES / DPPI VIA AFP

De Ryan Searle spillt weider en immens staarken Tournoi an huet sech elo och an de 1/4-Finalle mat 5:2 géint den Jonny Clayton duerchgesat. An den éischten dräi Sätz war den Englänner net ze stoppen. Nëmmen zwee Legs huet hien dobäi verluer a louch deemno scho séier mat 3:0 a Féierung. Duerno huet de Scoring vum “Heavy Metal” zwar liicht nogelooss, ma duerch weider konstant gutt Feiler op d’Duebelfeld huet hie sech um Enn den Ticket fir d'1/2-Finalle geséchert.

D’Rees fir den neie Publikumslibling Justin Hood ass dann op en Enn gaangen. De WM-Debutant, deen an der Ronn virdrun nach den Josh Rock mat 4:0 Heem geschéckt huet, huet géint de Gary Anderson mat 2:5 verluer. Dobäi war de Match ufanks nach op Aenhéicht gestart, sou datt et no 4 Sätz 2:2 gläich stoung. Um Enn huet sech dann awer ëmmer méi d’Klass an och d’Erfarung vun engem Gary Anderson gewisen, deen de Sak dann och zoumaache konnt.

Ouni Sazverloscht geet et fir de Luke Littler an d'1/2-Finall. Den 18 Joer alen Englänner huet sech an der Owes-Session mat 5:0 géint de Krzystof Ratajski duerchgesat. En 100er Average a ronn 56 Prozent op den Duebelfelder sinn duergaangen, fir de Pol ze schloen. Am Ganzen huet de Littler nëmme sechs Legs verluer.

Eng kleng Iwwerraschung ass da fir den Ofschloss dem Gian van Veen gelongen, deen d’Nummer 2 vun der Welt Luke Humphries mat engem 1:5-Succès eliminéiert huet. Trotz engem Average vun 105 ass et dem “Cool Hand Luke” a Weltmeeschter vun 2024 net gelongen, sech géint den immens staarken Hollänner ze behaapten. Den “The Giant” huet sech keng Feeler erlaabt a war op dësem Owend eng Nummer ze grouss.

An den 1/2-Finallen e Freideg den Owend spillt elo de Luke Littler géint de Ryan Searle an duerno den Gian van Veen géint de Gary Anderson.

Back to Top
CIM LOGO