Beim Weltcup-Riseslalom zu Adelboden huet sech e Samschdeg bei den Hären de Marco Odermatt mat enger souveräner Leeschtung duerchgesat. Bei immens schwierege Wiederkonditiounen an enger schlechter Siicht hat de Schwäizer awer op enger vun de schwéierste Pisten am Weltcup de beschten Iwwerbléck behalen a stoung no zwee Duerchgäng mat engem Chrono vun 2:31.23 Minutten op der éischter Plaz. De Podium komplettéiert hunn hannendrun de Lucas Pinheiro Braathen mat engem Ecart vun 0.49 Sekonnen an de Leo Anguenot mat 0.68 Sekonnen Ecart.
Bei den Dammen huet d’Lindsey Vonn hir 84. Weltcup-Victoire an der Descente um Zauchensee gefeiert. Déi 41 Joer al US-Amerikanerin huet hirer Konkurrenz keng Chance gelooss an hat um Enn 0.37 Sekonne Virsprong op d’Kajsa Vickhoff Lie an 0.48 Sekonnen op d’Jacqueline Wiles.
Bei den Damme féiert aktuell kee Wee laanscht d’Nika Prevc, déi sech am Sprangen zu Ljubno op en Neits d’Victoire geholl huet. D’Sloweenin hat um Enn mat 278.30 Punkten e groussen Ecart virun der Lisa Eder mat 254.10 Punkten an der Selina Freitag mat 244.70 Punkten.
An der Poursuite iwwer 12.5 Kilometer huet sech zu Oberhof bei den Hären den Tommaso Giacomel duerchgesat. Den Italieener konnt sech trotz sechs Feeler am Schéissen um Enn déi éischt Plaz sécheren, dat 4.50 Sekonne virum Martin Uldal (4 Feeler) an 8.80 Sekonne virum Sebastian Samuelsson (6 Feeler).
An der Staffel iwwer 4x6km ass d’Victoire u Frankräich gaangen. Déi franséisch Ekipp huet sech beim Schéisse kee Feeler geleescht an ass sou mat engem komfortabele Virsprong vun 53.70 Sekonne virun Norwegen (1 Feeler) op der Arrivée ukomm. Déi drëtt Plaz um Podium war fir Däitschland (1 Feeler) mat engem Ecart vun 1:28.40 Minutt.