Nom Riseslalom e Samschdeg stoung e Sonndeg den einfache Slalom vun den Dammen zu Semmering um Programm. Hei war d’Mikaela Shiffrin op en Neits eng Klass fir sech. Nom éischten Duerchgang louch d’Amerikanerin nach op Plaz 4, huet sech duerno awer mat engem staarken zweete Laf nach op Plaz 1 no vir geschafft. Si huet allerdéngs och dovu profitéiert, dass d’Camille Rast an hirem zweete Laf e Feeler agebaut huet, wat um Enn den Ausschlag ginn huet. Der Schwäizerin hu just 0,09 Sekonne fir hir éischt Victoire an engem Slalom gefeelt. Drëtt gouf d’Lara Colturi mat 0,57 Sekonne Réckstand. Fir d’Shiffrin war et déi fënneft Slalom-Victoire an dëser Saison an hir 106. Victoire insgesamt.
De Biathlon trauert zënter dem 23. Dezember ëm den Athleet Sivert Guttorm Bakken. Den Norweeger war deen Dag a sengem Hotelzëmmer an Italien dout fonnt ginn. Well net kloer ass, u wat de Bakken gestuerwen ass, gouf eng Autopsie an Optrag ginn. De 27 Joer alen Athleet war an dëser Saison no enger laanger Krankegeschicht nees um Wee an d’Weltspëtzt.
Am Schisprangen war et d’Qualifikatioun fir dat éischt Sprange vun der Véierschanzentournee, déi e Méindeg zu Oberstdorf starte wäert. Wéi schonn an de leschte Woche war den Domen Prevc net ze klappen. Dem Sloween ass mat 139,5 Meter de wäitste Sprong vum Dag gelongen an esou geet hien och als Favorit an d’Kompetitioun. Zweete gouf den Däitsche Philipp Raimund mat 132,5 Meter an den Éisträicher Daniel Tschofenig koum mat 131,5 Meter op déi drëtt Plaz. Si misste sech e Méindeg géint hir Konkurrenten duerchsetze kënnen, well dës an der Qualifikatioun net esou wäit gespronge sinn. An der Kompetitioun ginn da 50 Sprénger un de Start.
Bei den Dammen huet déi Däitsch Katharina Schmid virum Start vun der “Two-Nights-Tour” hire Récktrëtt zum Enn vun der Saison bekannt ginn. D’Olympesch Spiller zu Cortina d’Ampezzo sollen hire groussen Abschid ginn. Do wëll si och eng éischt Kéier eng Goldmedail gewannen. WM-Gold huet si siwe Mol kritt an de Gesamtweltcup konnt si zwee Mol gewannen. Nieft hire sportlechen Erfolleger huet sech déi 29 Joer al Athleetin an de leschte Joren och immens dofir staark gemaach, dass d’Dammen och eng Véierschanzentournee ausdroe sollen. Dat gëtt am nächste Wanter Realitéit.