Lëtzebuerger ÄishockeyPatrick Schon: "Mir wëllen eis an den nächste Joren ënnert den Top 4 placéieren"

Sam Rickal
E Samschdeg huet den Tornado Lëtzebuerg 3:4 an der zweeter franséischer Divisioun géint La Roche-sur-Yon verluer. D'Dirigenten zéien e positive Bilan.
Patrick Schon: "Mir wëllen eis an den nächste Joren ënnert den Top 4 placéieren"

No 11 gespillte Matcher stoung den Tornado Lëtzebuerg virun der Partie e Samschdeg an der zweeter franséischer Divisioun mat 15 Punkten op der 5. Plaz an der Tabell. D’Dirigente sinn zefridde mat dem Saisonsverlaf bis elo. D’Zil ass, an d’Topp 8 ze kommen, wat gläichzäiteg géing bedeiten, datt den Tornado am Playoff ëm den Opstig spillt. De Sprong fir méi héich ass aktuell awer nach schwéier ze realiséieren.

Patrick Schon – President Tornado Lëtzebuerg: “Villäicht nach net dëst Joer, mee an den nächste Jore géife mir gäre vir matspillen. Wa mir elo vun der zweeter Divisioun an déi éischt Divisioun géifen opsteigen, dat heescht direkt zwee Matcher de Weekend. Do si mir am semi-professionelle Beräich, do si mer am Moment nach net. Dat heescht, mir musse realistesch sinn. Am Moment géife mir gäre vir matspillen. Fir elo eng Divisioun driwwer ze spillen, kënne mir nach net matspillen, mee mir wëllen eis an den nächste Joren ënnert den Topp 4 placéieren.”

Datt den Tornado mat deene beschten Ekippen an der zweeter franséischer Divisioun ka mathalen, hu si e Samschdeg bewisen. Géint den Tabelleleader La Roche-sur-Yon goung d’Lokalekipp schonn no 6 Minutten a Féierung, huet sech awer um Enn no enger encouragéierter a kämpferesch staarker Leeschtung knapp 3:4 misse geschloen ginn.

Nieft dem Tornado gëtt et jo mat de Beaufort Knights e weidere grousse Club hei zu Lëtzebuerg. Beefort spillt dogéint an der éischter belscher Divisioun. Donieft gëtt et awer och e Lëtzebuerger Championnat, deen an zwou Divisiounen opgedeelt ass. Vun 2026 un ass déi éischt Divisioun en Tick anescht wéi virdrun.

Alain Schneider – President Lëtzebuerger Äishockey Federatioun: “Well den Tornado an d’Beefort Knights elo am franséischen an am belsche Championnat aktiv sinn, ass am Fong keng Zäit méi, fir déi Matcher elo ze spillen. Dofir spille mir déi Liga am Summer. Dat heescht, et gëtt souzesoen eng Summer League, déi éischt Divisioun. Duerno gëtt eng Halleffinall an eng Finall gespillt am September oder am Oktober d’nächst Joer. Dat ass dann déi éischt Divisioun, déi gespillt gëtt. An d’zweet Divisioun mat fënnef aneren Ekippen, déi spillen, déi fänken elo am Januar un. Déi Liga ass dann eriwwer am Mee.”

Elo ass dann och mol fir den Tornado Lëtzebuerg Wanterpaus. Weider geet et den 10. Januar mat der Partie heiheem géint Brest.

Back to Top
CIM LOGO