
Op der portugisescher Algarve huet sech de Spuenier Thierry Ndikumwenayo den Europameeschtertitel an enger Zäit vun 22'05'’ gekroopt. Dat virum Fransous Jimmy Gressier. Béid Leefer hunn d’Course dominéiert an den Tempo bestëmmt. De Ruben Querinjean konnt dësen Tempo net ganz matgoen, huet awer eng staark Leeschtung gewisen a sech mat 22'28'’ déi 7. Plaz erkämpft. Domat huet de Lëtzebuerger Sportler vum Joer 2025 seng gutt Form nees eng Kéier ënner Beweis gestallt. Och den Niall Foley war bei den Hären un den Depart gaangen a gouf um Enn mat 25'18'’ den 72.
Bei den U20 hunn de Pol Stoffel an den Damien Pechon hir éischt Course op internationalem Niveau absolvéiert. De Stoffel gouf an enger Zäit vu 14'22'’ den 72. an de Pechon klasséiert sech als 80. mat 14'31'’. D’Course gouf vum Belsch Willem Renders (13'11'’) gewonnen.