
Am däitschen Oberhof huet d’Eliva Öberg eng Start-Zil-Victoire an der Biathlon-Verfollgung gefeiert. E Samschdeg hat si schonn de Sprint gewonnen. Mat just engem Schéissfeeler huet d’Schweedin hirer Konkurrenz keng Chance gelooss an hat eng komfortabel Avance op déi Zweetplacéiert Finnin Suvi Minkkinen (+ 16,6 Sekonnen) an op hir eeler Schwëster Hanna Öberg (+ 1:04,5). D’Franséisin Julia Simon konnt sech trotz dräi Schéissfeeler virun der Däitsch Franziska Preuß (2 Schéissfeeler) déi véiert Plaz sécheren.
Am Schi Alpin huet de Fransous Paco Rassat de Slalom zu Adelboden gewonnen. De Rassat konnt sech am zweeten Duerchgang vu Plaz 4 nach ganz no vir schaffen a gewënnt domat de Weltcup an der Schwäiz. Et war seng zweet Victoire an engem Slalom an dëser Saison. An enger spannender Finall konnt hien den Atle Lie McGrath (+ 0,18 Sekonnen) an den Henrik Kristoffersen (+ 0,20) hannert sech loossen. Béid Norweeger haten an hirem zweete Laf ee grousse Feeler, dee si d’Victoire kascht huet. Véierte gouf mam Lucas Pinheiro Braathen e weideren Norweeger, deen awer zënter engem Sträit mam norweegesche Verband ënner brasilianeschem Fändel fiert. De Manuel Feller gouf Fënneften.
Zu Zakopane a Polen haten d’Schisprénger mat Schnéischaueren a Wandstéiss ze kämpfen, wat d’Sprangen an d’Landen zimmlech komplizéiert gemaach huet. Dat krut och de Leader am Weltcup Domen Prevc ze spieren. De Sloween, deen déi lescht zwielef Sprangen um Podium gestanen hat, gouf dës Kéier just de 27. D’Victoire blouf awer a sloweeneschen Hänn. Den Anze Lanizek huet sech mat Spréng op 138 an 137 Meter d’Victoire geséchert. Dat virun den Éisträicher Jan Hörl a Manuel Fettner. Den Norweeger Marius Lindvik gouf Véierten. Mam Stephan Embacher stoung en drëtten Éisträicher an den Topp 5.