Schi AlpinSuccès fir de Marco Schwarz am Super-G

Ted Koob
Den Éisträicher stoung zu Livigno ganz uewen um Podium. Bei den Damme konnt d'Julia Scheib de Riseslalom zu Semmering an Éisträich gewannen.
© ANDREA SOLERO / ANSA / AFP

Bei den Häre gouf de Super-G tëscht de Joren zu Livigno an net zu Bormio gefuer, well déi Streck bei der Olympiad am Februar genotzt gëtt. Den Éisträicher Marco Schwarz war net ze schloen an huet sech mat enger Avance vun 20 Honnertstel op de Schwäizer Alexis Monney duerchgesat. De Podium gouf vum zweete Schwäizer Franjo von Allmen komplettéiert. Hien hat e Retard vu 25 Sekonnen op de Gewënner.

Damme sinn um Samschdeg e Riseslalom um sougenannten Zauberberg zu Semmering an Éisträich gefuer. D’Lokalmatadorin Julia Scheib huet d’Course no zwee Duerchgäng fir sech entscheet. Si hat um Enn eng Avance vu 14 Honnertstel op d’Schwäizerin Camille Rast. D’Sara Hector aus Schweden gouf mat engem Réckstand vu 40 Honnertstel déi Drëtt. D’Mikaela Shiffrin ass zu Semmering op der 6. Plaz iwwer d’Arrivée gefuer, bleift awer de Leader an der Weltcup-Gesamtwäertung.

Back to Top
CIM LOGO