
D’Lucinda Brand huet sech bei der Dammen Elite déi zweet Victoire vun der Saison am Cyclocross Weltcup geséchert. D’Hollännerin war zu Terralba mat engem Chrono vu 47:14 Minutten déi Séierst a louch um Enn virun den zwou Landsfraen Aniek van Alphen (+20s) a Shirin van Anrooij (+33s). D’Marie Schreiber ass verletzungsbedéngt net mat un den Depart gaangen. D’Lëtzebuerger Coureuse hat schonn op der zweeter Manche zu Flamanville wéinst enger Muskeverletzung am Been gefeelt.
Um 15.10 Auer geet nach d’Elite vun den Hären zu Terralba un den Depart.