CyclocrossSuccès fir de Loïc Bettendorff an d'Nina Berton zu Alzeng

Max Bäcker
Zu Alzeng um Holleschbierg war e Sonndeg de Mëtteg net nëmmen dee leschte Rendez-vous fir d’Cyclocross-Spezialisten am Skoda Cross Cup, mee och déi lescht Méiglechkeet, d’Form nach eng Kéier virum Championnat nächste Weekend ze testen.
Succès fir de Loïc Bettendorff an d'Nina Berton zu Alzeng
Zu Alzeng um Holleschbierg war e Sonndeg de Mëtteg déi lescht Méiglechkeet, d’Form nach eng Kéier virum Cyclocross-Championnat nächste Weekend ze testen

Bei Temperaturen ënnert dem Gefréierpunkt ass et fir d’Coureuren e Sonndeg de Mëtteg um Holleschbierg op déi lescht Manche vum Skoda Cross Cup gaangen. En zum Deel gefruerene Parcours huet fir séier an interessant Coursse fir d’Spectateure gesuergt.

Bei den Damme sinn aacht Konkurrentinnen un den Depart gaangen. Ma schonns am éischten Tour konnt d’Nina Berton sech vun hirer Konkurrenz ofsetzen. D’Lach no hanne sollt dann och Tour fir Tour méi grouss ginn. Sou dass d’Coureuse vun EF Education Oatly sech um Enn souverän virum June Nothum, dat domadder och éischt Juniorin gouf, konnt duerchsetzen. Dass et d’nächst Woch géint d’Marie Schreiber, dat haut um World Cup zu Zonhoven dat 22. ginn ass, awer ganz schwéier gëtt weess och d’Nina Berton.

No den Damme war et dann un den Hären an hei war et de Rick Meyländer, wéi sou dacks, mat deem beschten Depart. Zesumme mam Mill Morang huet hien an deenen éischten zwee Tier probéiert, de Loïc Bettendorf ënner Drock ze setzen. Eppes, dat awer net ganz gelénge sollt. Mëtt drëtten Tour huet de Lëtzebuerger Champion, dee leschte Weekend nach 35. um World Cup zu Dendermonde gi war, sech un d’Spëtzt vun der Course gesat. Wuel huet de Mill Morang nach probéiert drun ze bleiwen, d’Lach sollt awer opgoen an de jonke Coureur huet Sekonn fir Sekonn verluer. Um Enn konnt de Loïc Bettendorf eng weider Victoire feieren a seng Favoritteroll fir de Championnat festegen. Dat virum Mill Morang, deen domadder och éischten Espoir gouf.

Op der drëtter Plaz huet et laang dono ausgesinn, wéi wann den Eliot Clarysse, Leader am Skoda Cross Cup, dës sécher hätt. Virum Enn vun der Course konnt de Lennox Papi awer op de Belsch opschléissen. Et sollt awer op der Linn net duergoen, sou dass de Clarysse sech déi drëtte Plaz konnt sécheren.

Nächste Weekend ginn dann zu Dikrech déi nei Championnen am Cyclocross gesicht.

Resultater vum Cyclocross zu Alzeng / 04.01.2026.pdf

Back to Top
CIM LOGO