NFL - Wild Card WeekendTitelverdeedeger Eagles eliminéiert, Bears dréine Match géint Packers

Kevin Kayser
De Weekend war déi éischte Ronn vun de Playoffs an der NFL, an där et op d'mannst eng grouss Iwwerraschung gouf.
D’Verdeedeger vun de 49ers hunn alles eragehäit, fir dës Partie ze gewannen.
© ELSA/Getty Images via AFP

Eng kloer Saach war et tëscht de Patriots an den Chargers. An enger Partie, déi zu Foxborough gespillt gouf, hu béid Defense dominéiert an d’Fans kruten de ganze Match iwwer just een Touchdown ze gesinn. D’Offensiv vun den Chargers huet guer net an de Match fonnt: Eenzeg Kéier, wou si Punkte gemaach hunn, war e Fieldgoal am zweete Véierel, fir den 3:3-Ausgläich. Dono hu sech d’Patriots sech mat zwee weider Fieldgoaler ofgesat, éier si am leschte Véierel mat engem Touchdown op 16:3 konnte setzen, wat och schonn d’Endresultat war.

Revanche fir hir Néierlag an der Saison konnten d’Rams bei de Panthers huelen. An engem spannender Partie, an där et hin an hier gaangen ass, setzt sech d’Ekipp aus Los Angeles zum Schluss auswäerts mat 34:31 duerch. Dobäi waren d’Panthers mat nach knapp zwou Minutten op der Auer 31:27 a Féierung gaangen, ma 38 Sekonne viru Schluss huet LA nees d’Féierung iwwerholl an de 34:31-Score déi lescht Sekonne verdeedegt.

D’Bears waren an hirer Partie doheem géint d’Packers u sech schonn ofgemellt. Mat engem Score vun 21:3 fir d’Packers goung et an d’Paus an am Ufank vum leschte Véierel hate si grad emol dräi Punkten opgeholl, dat beim Stand vun 21:6. Ganzer 25 Punkte, also dräi Touchdowns an ee Fieldgoal, sinn de Bears dunn an de leschte 15 Minutte gelongen an déi sechs Punkten, déi d’Packers dogéint gehalen hunn, sinn net duergaangen, fir déi 31:27-Néierlag nach ze verhënneren. An dobäi haten d’Packers nach zum Schluss eng Minutt a 43 Sekonnen Zäit, fir selwer nach eng Kéier de Ball an d’Endzon ze bréngen, wat hinnen awer net gelongen ass.

D’Partie tëscht de Bills an den Jaguars hätt u sech esou oder esou kéinten ausgoen. Emol haten d’Bills d’Nues vir an da waren et nees d’Jaguars. Gréissten Ecart am Match gouf et am Ufank vum zweete Véierel beim Stand vun 13:7, also grad emol een Touchdown - ouni Extrapunkt - ënnerscheet. Knapp véier Minutte viru Schluss hate sech d’Jaguars nees d’Féierung geséchert, dat beim Stand vu 24:20. Ma déi Zäit ass dem Josh Allen a senge Bills duergaangen, fir nach eng Kéier siwe Punkten ze maachen an nees e Féierung ze kommen. Jacksonville hat nach knapp eng Minutt, fir d’Partie nach ze retten, ma den Travor Lawrence ass ze vill Risiko agaangen a seng Pass op de Meyers gouf vum Bishop ofgefaangen. D’Bills konnten dono d’Partie auslafe loossen an dës spannend Partie knapp gewannen.

No der Partie tëscht den Eagles an den 49ers ass elo eppes kloer: Et gëtt dëst Joer en neie Champion an der NFL, nodeems Philadelphia doheem vu San Francisco eliminéiert gouf. Och dëst war e Match, wou et hin an hier goung. D'49ers konnte mam éischte Score vun der Partie d’Féierung iwwerhuelen an am Ufank vum zweete Véierel waren d’Eagles dunn 13:7 vir. Am Ufank vum leschte Véierel waren d’Eagles nach 16:10 vir, San Francisco mat zwee Touchdowns sech d’Féierung a Victoire konnt sécheren, well déi dräi Punkten, déi Eagles nach dogéint gesat haten, waren net duergaangen, fir déi 23:19-Néierlag ze verhënneren.

Wéi geet et elo weider?

An der AFC kommen d’Broncos, déi dës Ronn als Éischt vun der Divisioun spillfräi haten, dobäi. Si kréien et mat de Bills ze dinn, déi d’Ekipp mat der schlechtster Placéierung an de Playoffs sinn. Si waren ëmmerhi just als Sechst an d’Wild Card Round komm. D’Patriots treffen doduerch op de Gewënner vun der Partie Texans géint Steelers, déi an der Nuecht op en Dënschdeg gespillt gëtt.

Nodeem d’Matcher an der AFC all gespillt goufen, stinn hei d’Partie scho fest. D’Seahawks haten och spillfräi dëse Weekend an treffen an der Divisional Round op d'49ers. An der zweeter Partie mussen d’Rams op Chicago bei d’Bears reesen.

D’Resultater am Iwwerbléck

Los Angeles Rams - Carolina Panthers 34:31
Green Bay Packes - Chicago Bears 27:31
Buffalo Bills - Jacksonville Jaguars 27:24
San Francisco 49ers - Philadelphia Eagles 23:19
Los Angeles Chargers - New England Patriots 3:16

Back to Top
CIM LOGO