
An do huet den Titelverdeedeger sengem Géigner Ryan Searle keng Chance gelooss. De Searle huet wuel den éischte Saz knapp mat 3:2 an de Legs fir sech entscheet. De Luke Littler huet iwwer déi ganz Partie e besseren Average gespillt. Bis an den drëtte Saz war de Searle an den entscheedende Momenter do a konnt mathalen. Trotzdeem gounge Saz 2 an 3 un de Littler. An der Suite war Confiance vum aktuelle Champion grouss an huet an de follgenden dräi Sätz kee Jeu méi ofginn. Beim Stand vun 1:5 huet de Searle alles probéiert a konnt nees 2 Legs gewannen. De Littler war äiskal an huet och dee Saz mat 3:2 gewonnen, esou datt et um Enn 6:1 fir de Littler stoung. Um Enn huet de Littler en Average vun iwwer 105 gespillt an hat eng Doublequot vun iwwer 58%. Fir den Englänner ass et déi 3. WM-Finall hannerteneen.
Déi zweet Partie war däitlech méi enk. Am Duell vun de Generatiounen hunn den Gian van Veen (23 Joer al) an de Gary Anderson (55 Joer al) vun Ufank un op héijem Niveau gespillt. Den Anderson konnt de van Veen direkt am éischte Saz breaken an 1:0 a Féierung goen. De jonken Hollänner konnt awer zréckschloen an 3 Sätz um Stéck gewannen. Am 5. Saz hu béid Spiller quasi alles op der Scheif getraff. Den Anderson ass mat engem 10-Darter an engem 170er-Checkout 2:0 an de Legs a Féierung gaangen. De van Veen konnt mat engem 11-Darter an och mat engem 170er-Finish äntweren. Am leschte Jeu ass dem van Veen e Break géint den Anderson gelongen an huet op 4:1 an de Sätz erhéicht. De Schott huet net opginn, huet déi nächst zwee enk Sätz fir sech entscheet a koum op 3:4 erun. Den 8. Saz goung nees iwwer déi voll Distanz an do sollt de van Veen d’Iwwerhand behalen a mat 5:3 a Féierung goen. Am 9. Saz konnt den Anderson de van Veen breaken, den Hollänner huet direkt zréckgeschloen an dee Saz nees mat 3:2 gewonnen. Um Enn huet de jonken Hollänner sech no enger staarker Partie mat 6:3 géint den Anderson duerchgesat a steet fir d’éischt an der Finall vun der Darts-WM.
D’Finall tëscht dem Luke Littler an dem Gian van Veen gëtt um Samschdeg Owend vun 21 Auer u gespillt.