
Den Tornado huet e schwéiere Weekend mat direkt zwee wichtegen Auswäertsmatcher ze bewältegen. E Samschdeg stoung de Match géint Phénix Reims um Programm an e Sonndeg spillt d’Lëtzebuerger Ekipp géint Français Volants vu Paräis.
No engem haart ëmkämpfte Match géint Reims konnten d’Lëtzebuerger den éischten vun deenen zwee Matcher knapp mat 6-5 (1-1,3-3,2-1) fir sech entscheeden. Trotz dem Feele vun direkt dräi Toppspiller, dem Grijgoris Holodkovs, dem éischten Goalie Victor Bodin an dem Justus Haavanlammi, konnt d’Ekipp vum Christer Eriksson mat enger ganz staarker Leeschtung um Enn dräi Punkten huelen an esou déi sechst Tabelleplaz vu Reims iwwerhuelen, déi elo op déi siwent Plaz zeréckfalen.
E Sonndeg geet et da fir d’Lëtzebuerger weider op Paräis, wou si um 18.45 Auer géint Français Volants probéieren, den Exploit vu gëschter ze widderhuelen. Sollt hinnen dat geléngen, kéinte si op déi fënneft Plaz an der Tabell no vir kommen a sech esou e klenge Polster ewech vun de Playdown-Plazen erschaffen.
D’Beaufort Knights waren e Samschdeg och am Asaz an der belscher Coupe. Si hunn den Heemmatch géint d’Luxembourg Foxes 4:1 gewonnen.